All Joer féiert "SOS Détresse" ongeféier 3 000 Gespréicher mat Mënschen aus alle méigleche Liewenssituatiounen:
D’Aufgab vun de Mataarbechter ass et, de Betraffenen als empathesche Gespréichspartner ze begéinen.
Mënschen an akuter Kris oder a laangwiereg schwierege Liewenssituatioune versiche mir am Gespréich ze ënnerstëtzen, fir datt si erëm Zougang fannen zu hirer ënnerlecher Rou a perséinleche Stäerkten an domat kënnen nei Perspektiven an hirem Liewen entwéckelen.
Ee wichtegt Zil besteet och doran, déi Betraffen z’encouragéieren, anere Mënschen (erëm) kënnen ze vertrauen an hir Hëllef unzehuelen.
Rufft un - anonym a vertraulech.
(+352) 454545 - all Dag vun 11.00 bis 23.00 Auer, Freides a Samschdes och déi ganz Nuecht bis 3.00 Auer, op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
Schreift eng Email - anonym a vertraulech.
Link: https://454545.lu/onlinehelp-lu/
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
Dossier "SIGI"
Seit vielen Jahren prangern wir als FGFC sowohl die politischen wie auch die geschäftsführenden Zustände innerhalb des kommunalen Syndikates SIGI an.
FGFC Vision politique
D’FGFC steet fir kommunal Identitéit, Proaktivitéit a Participatioun. D'Membere vum FGFC-Bureau exécutif élargi stellen hir Vision politique vir.
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
FGFC- Campagne "Wéi geet et ?"
Le but de cette campagne est de sensibiliser les personnes travaillant au sein de la Fonction publique communale sur les risques psychosociaux et leurs conséquences sur la santé des agents.