Conciliatioun FGFC-TICE: Wou bleift de sozialen Dialog?
Nodeems méi wéi 6 Méint vergaange sinn, zënter datt mir eis Demande fir eng Schlichtung agereecht hunn an haut de 24. Juni eng éischt Reunioun haten, huet d’Regierungssäit op eemol e vermeintleche Formfeeler fonnt, vun deem sech Patronsäit vum TICE net erstaunt gewisen huet - erstaunlech.
Als FGFC sti mir natierlech dofir an, datt Prozeduren agehale ginn. Mee et stellt sech dach d’Fro, firwat een all dës Méint waarden léisst, wann een sech gläichzäiteg permanent gesinn huet an dann op de soziale Dialog an eng konstruktiv Léisungsfannung priedegt.
Et ass wichteg ze ënnersträichen, datt et an dësem Dossier net nëmmen ëm Virwërf vunn Harcèlement geet. D’Conciliatioun betrëfft och d’Aschränkung vun de Missiounen an de gesetzlechen Aufgaben vun der Personaldelegatioun an domat Froen, déi d´Fonctionnement vum sozialen Dialog um TICE direkt betreffen.
Mir schwätzen iwwer eng Mësswirtschaft – souwuel um gestionnelle wéi och um mënschleche Plang – déi net ouni Konsequenze fir d’Mataarbechter an Mataarbechterinnen vum kommunalem Bussyndikat TICE bleift.
Als FGFC wäerte mir eis Verantwortung weider iwwerhuelen an eis mat Nohaltegkeet fir Transparenz, Respekt vun de Rechter vun der Delegatioun an eng gesond Aarbechtskultur asetzen.
Soziale Dialog bedeit handelen, net verzögeren a mir reeghen esou séier wéi méiglech eis nei Demande eran!