FGFC begréisst Reformen: Eenheetlech Normen als Basis fir e staarke Gemengesecteur
D’FGFC ënnerstëtzt d’Aféierung vun eenheetleche Normen, wéi dem nationale Bautereglement, fir administrativ Hürden ofzebauen an d’Effizienz ze steigeren. Si fillt sech an hirer Visioun bestätegt, datt Harmoniséierung och op anere wichtege Punkten, wéi Personalmanagement a kommunale Servicer, elo kee Hënnernes méi dierft sinn.