Studentefoire

Studentefoire 2021


Dëst Joer fënnt d’Studentefoire nees an digitaler Form statt a mécht hir virtuell Dieren vum Donneschden 28. bis de Freideg 29. Oktober 2021 op. 

Dir fannt eise virtuelle Stand: « FGFC - Ton futur job à la commune » ënnert folgendem Internetlink:
https://www.studentefoire.lu/2021/

D'Ëffnungszäite si vu moies 09:00 Auer bis mëttes 17:00 Auer. Dir kënnt Iech op eisem Stand och e perséinleche Rendez-vous androen, fir Iech mat Hëllef vun eiser kompetenter Equipe iwwer folgend Themen z’informéieren:

  • Wat fir eng Diplomer brauch ee fir wat fir e Posten ?
  • Wat fir eng Exame muss ee maachen, a wou kritt een d’Dokumentatioun ?
  • Wéi verleeft engem seng Lafbunn?
  • Wat fir eng Aufgaben huet een op enger Gemeng/ Syndikat ?
  • Wat fir eng berufflech Perspektiven huet een ?
  • Wéi ass et mat Weiderbildung a menger Carrière ?
  • Wéi fonctionnéiert den ëffentlechen Déngscht am allgemengen ?

Mir weisen och nach ee Mol op eis Internet-Rubrik « Jobs » an eis Facebooksäit « Envie d'un job dans la fonction communale » hin, déi méi wéi 13.000 Abonnenten huet. Informéiert Iech bei eis iwwer all fräie Posten am Gemengesecteur!

Kommt a besicht eis op der Studentefoire – mir sinn op Ecoute !