FGFC-Fuerderung gëtt Realitéit: D’Épreuve d’aptitude générale gëtt ofgeschaaft
Vum 1. September 2026 un gëtt den Zougang zum Gemengendéngscht däitlech vereinfacht: D’Épreuve d’aptitude générale gëtt ofgeschaaft. Kandidaten, déi an de Gemengendéngscht wëllen, mussen domat just nach den Admissibilitéitsexamen vun der jeeweileger Gemengecarrière respektiv Lafbunn bestoen. Déi schonn an der Vergaangenheet bestanen Admissibilitéitsexame behalen hir Gültegkeet, an och déi nei Admissibilitéitsexamen hunn eng Gültegkeetsdauer vu fënnef Joer.
D’FGFC begréisst dës Decisioun ausdrécklech. Domat gëtt eng Fuerderung ëmgesat, déi mir säit Jore konsequent vertrieden. Laang, komplizéiert an net openeen ofgestëmmte Prozeduren hunn d’Gemenge beim Recrutement ausgebremst. Wärend eng Gemeng nach op e Kandidat gewaart huet, konnt dësen an der Tëschenzäit beim Staat recrutéiert ginn. D’Gemeng huet Zäit a Ressourcen investéiert – an um Enn de Kandidat verluer.
D’Ofschafe vun dëser Hürd ass dofir net nëmmen eng administrativ Vereinfachung, mee och d’Resultat vun enger laangjäreger Fuerderung vun der FGFC. De Recrutement am Gemengesecteur kann elo méi séier, méi einfach a méi attraktiv ginn.
De Minsitère des Affaires intérieurs waert zäitno mat weideren Informationen iwwer Circulaire ministeriel Gemengepersonal informéieren
De Personalenkpass huet Konsequenzen
Déi schwiereg Rekrutéierungssituatioun huet an de leschte Joren och dozou gefouert, datt Gemengen a Gemengesyndikater, fir hire Personalbedarf iwwerhaapt nach ze decken, massiv op privatrechtlech Beschäftegungsverhältnisser zeréckgegraff hunn. Ëmmer méi Mataarbechter goufen als salariés respektiv op tâches intellectuelles agestallt.
Virun dëser Entwécklung warnt d’FGFC säit Joren. Wa Mataarbechter déi selwecht oder vergläichbar Aufgaben erfëllen, dierf hire Statut net zu fundamentalen Ënnerscheeder bei der Remuneratioun an de Carrièresperspektive féieren.
Gläiche Posten, gläichen Diplom/ Brevet - gläich Remuneratioun.
Soss riskéiere mir eng Fonction publique à plusieurs vitesses. Dobäi kommen d’Auswierkungen op d’Finanzéierung an d’Belaaschtung vun de Sozialversécherungssystemer, notamment bei der Krankekeess an de Pensiounskeesen.
De Personalmangel kann net dauerhaft doduerch geléist ginn, datt d’Gemengen ëmmer méi op alternativ Statutter auswäichen. De regulären Zougang zum Gemengendéngscht muss méi séier, méi attraktiv an effizient sinn. D’Reform vum 1. September ass dofir e wichtegen a längst iwwerfällege Schrëtt.
Eng Fonction publique – eng gemeinsam Dier
E gemeinsamt an harmoniséiert Rekrutéierungsverfahren, ergänzt duerch déi néideg sektoriell Spezifizitéiten, wier de logeschen nächste Schrëtt.
Amplaz datt Staat a Gemengen duerch ënnerschiddlech Prozeduren ëm déi selwecht Kandidaten konkurréieren, kéint et eng gemeinsam Entrée an den ëffentlechen Déngscht ginn. Dat wier méi transparent fir d’Kandidaten, méi effizient fir d’Verwaltungen a géif verhënneren, datt d’Gemengen eleng wéinst méi schwéierfällege Prozedure qualifizéiert Personal un de Staat verléieren oder ëmgekéiert.
D’Ofschafe vun der Épreuve d’aptitude générale vum 1. September 2026 un weist, datt Reform méiglech ass. Et ass d’Resultat vun enger Fuerderung, fir déi d’FGFC sech säit Joren agesat huet.
Eng Fonction publique brauch keng kënschtlech Barrièren tëscht Staat a Gemengen. Si brauch e modernen, schnellen a kohärente Recrutement an eng vereinfacht "mobilité interne".