D’Sécherheet am ëffentleche kommunale Raum ass zanter Joren en drénglecht Thema. De Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg ass net deen éischte kommunale Patron, deen op eng privat Sécherheetsfirma zréck gräift, fir d’Police an hirer Aarbecht ze ënnerstëtzen. Dëst ass a bleift eng Bankrotterklärung a Saache Gewaltmonopol vun der Fonction Publique – en NO GO!
Zanter Jore setze mir eis als FGFC fir eng besser Koordinatioun, an och Aufgabeverdeelung, vun de Sécherheetsaufgaben am ëffentleche Raum an. Eng “never ending Story” an deem Kontext sinn d’Kompetenzerweiderunge vun den Agents municipaux, wou een Inneminister*in nom anere sech dorunner d’Zänn ausbäisst. Eis Gemengepatrone brauche konkret Sécherheetskompetenzen, mat deenen si d’Gemengereglementer iwwerwaache kënnen.
Mee domadder geet et net duer. Déi aktuell Entwécklung a Saachen Drogekonsum, an awer och aner Kriminalitéit, ass en allgemenge gesellschaftlechen Defi, dee mer och nëmmen zesummen ugoe kënnen. Duerch déi sech ukënnegent sozial Verwerfungen a Saache Covid19, och hei am Land, sollte mer hei schnell handelen.
Och wa mir d’Contraintë vun eise kommunale Patrone gesinn, ass d’Privatiséierung vun der ëffentlecher Sécherheet sécherlech dee falsche Wee! Mir ginn an der nächster Editioun vun eisem “Opgepasst” méi detailléiert op dës Problematik an.
Matgedeelt vum FGFC-Exekutivbüro
26. November 2020
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
Dossier "SIGI"
Seit vielen Jahren prangern wir als FGFC sowohl die politischen wie auch die geschäftsführenden Zustände innerhalb des kommunalen Syndikates SIGI an.
FGFC Vision politique
D’FGFC steet fir kommunal Identitéit, Proaktivitéit a Participatioun. D'Membere vum FGFC-Bureau exécutif élargi stellen hir Vision politique vir.
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
FGFC- Campagne "Wéi geet et ?"
Le but de cette campagne est de sensibiliser les personnes travaillant au sein de la Fonction publique communale sur les risques psychosociaux et leurs conséquences sur la santé des agents.