Als FGFC soe mir all deene Merci, déi anonym un eisem Sondage deelgeholl hunn. Zil vun eisem éischte Sondage an dëser Form war et erauszefannen, a wéiwäit d’Personal bei de Gemengen sech op senger Aarbecht perséinlech valoriséiert fillt.
Wann 51% vun de de Leit aussoen, dass bei hinnen d’Zesummenaarbecht ganz schlecht ass, weist dat, dass mir am Gemengesecteur Deels e grousse Malaise a Punkto Valorisatioun, Kommunikatioun a géigesäitegt Vertrauen hunn.
Nieft deene ronn 450 Leit, déi matgemaach hunn, hu mir doriwwer eraus anonyme Courrier an Uriff kritt, déi d’Resultat vum Sondage ënnermaueren. An eiser deeglecher Aarbecht stelle mir och fest,dass sech vill Leit bei de Gemengen net trauen, op hirer Aarbecht opzestoen an hir Meenung, aus Angscht viru perséinleche Schwieregkeeten, auszedrécken.
Mir bleiwen hei um Ball a kommen deemnächst mat konkreten Aktiounen op dëst Thema zeréck.
D’Resultat vun der Emfro “Fillst du dech perséinlech op denger Gemeng valoriséiert ?
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
Dossier "SIGI"
Seit vielen Jahren prangern wir als FGFC sowohl die politischen wie auch die geschäftsführenden Zustände innerhalb des kommunalen Syndikates SIGI an.
FGFC Vision politique
D’FGFC steet fir kommunal Identitéit, Proaktivitéit a Participatioun. D'Membere vum FGFC-Bureau exécutif élargi stellen hir Vision politique vir.
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
FGFC- Campagne "Wéi geet et ?"
Le but de cette campagne est de sensibiliser les personnes travaillant au sein de la Fonction publique communale sur les risques psychosociaux et leurs conséquences sur la santé des agents.