Bekanntlech huet e Papp 10 Deeg Spezialcongé bei der Gebuert vu sengem Kand ze gutt. Wat vill Leit allerdings net wëssen ass, dass dëse Spezialcongé 2 Méint am viraus vun der Gebuert, via Certificat vum Dokter, beim Patron muss ugefrot ginn.
No der Gebuert vum Kand, huet de Papp dann zwee Méint Zäit, déi besoten Deeg eranzehuelen.
Zemools a Covid19 Zäite war et schwéier iwwerhaapt e Rendez-vous beim Dokter ze kréien, respektiv haten déi ugehend Elteren aner Suergen, wéi sech ëm eng Demande beim Patron ze bekëmmeren. Doriwwer eraus war d’Personal gréisstendeels an den Télétravail gesat a war selwer mat méi wichtegen organisatoreschen Dossieren beschäftegt.
Och ass et generell schwéier eng Gebuert op den Dag genee ze plangen.
Mir bieden eis Patronen ëm Récksiicht an Entgéintkommen, fir déi bevirstoend Gebuerten, wou de Certificat oder d’Demande net ganz genee an den Delaien erakomm ass oder kënnt.
Eltere ginn ass eng besonnesch Zäit an e Papp gehéiert och bei der Gebuert bei seng Fra, fir deen onvergiessleche Moment z’erliewen.
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
Dossier "SIGI"
Seit vielen Jahren prangern wir als FGFC sowohl die politischen wie auch die geschäftsführenden Zustände innerhalb des kommunalen Syndikates SIGI an.
FGFC Vision politique
D’FGFC steet fir kommunal Identitéit, Proaktivitéit a Participatioun. D'Membere vum FGFC-Bureau exécutif élargi stellen hir Vision politique vir.
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
FGFC- Campagne "Wéi geet et ?"
Le but de cette campagne est de sensibiliser les personnes travaillant au sein de la Fonction publique communale sur les risques psychosociaux et leurs conséquences sur la santé des agents.