A Bezuch op d’COVID-Schoulrentrée de 25. Mee, koum et rezent op Ufro vun der FGFC hin, zu enger Video Konferenz mat de Vertrieder vum SYVICOL. Zil vum Chat wor et sech géigesäiteg ze concertéieren, wéi et ëm d’Organisatioun vun der vu Regierungssäit ordonnéierter Rentrée steet.
Allgemeng hu mir als FGFC zur Kenntnis geholl, datt et keng national Koordinatioun vun de kommunalen Erausfuerderungen an dësem Kontext gëtt. Am Kloertext heescht dat, all Gemeng gëtt hiert Bescht, fir d’Rentrée am Kader vun der Gemengen-Autonomie hinzekréien. Als Konsequenz heescht dat: “navigation à vue” fir eis kommunal Patronen an hiert Personal. De Chaos, e Méinden aacht Deeg, schéngt also deels virprogramméiert ze sinn.
Doriwwer eraus gesäit de SYVICOL, deen a regelméissegem Austausch mam Edukatiounsministère ass, nach Problemer an de Beräicher Schülertransport, Gebailechkeeten a Personal. “Mir befannen eis an enger nationaler Kris. Flexibilitéit ass grad Tromp an aktuell gi Saachen ëmgesat, déi een an normalen Zäiten net esou kéint ugoen”, sou den Emile Eicher. Meeschtens géing einfach keng Zäit bleiwen, fir sech un normale Prozeduren ze orientéieren. Dat gëllt fir all Acteur deen implizéiert ass.
Als FGFC krute mir d’Zouso, datt an den Aen vum SYVICOL, all Ännerung vum Kontrakt betreffend Tâche, Schaffzäiten a scho bewëllegt Congéen reng op fräiwëlleger Basis gereegelt musse ginn. Dofir en Opruff un eis Leit: Macht nëmmen dat wat der selwer kënnt droen, virun allem wann der vulnérabel sidd! Fir all anerer: Kommt mir ginn eist Bescht fir #zesummen duerch de Chaos ze kommen!
D' Schoulen maachen ab dem 25. Mee eréischt tëscht 7:50 an 8:10 hir Dieren op, d’ Maison Relais si spéitstens um 18:00 Auer zou. Dofir erwaarde mir als FGFC eis vun eise kommunale Patrone eng gewësse solidaresch Flexibilitéit a Punkto Aarbechtszäiten. Dëst gëllt virun allem fir dat Personal wat selwer Kanner huet, a sech aktuell der Décke no musse strécken, fir Job a Famill ënnert een Hutt ze bréngen.
A Punkto Kontrakter, vu eegenem oder elo dréngend rekrutéiertem Personal, fillen sech vill Gemengeservicer alleng gelooss. Vläit wier et hei um Inneministère fir mat senger Richtlinne-Kompetenz de Gemenge konkret Instruktiounen ze ginn.
Zum Schluss wore mer eis all eens, datt duerch dës Kris den Télétravail enorm promovéiert gëtt. Zesumme sollte mer keng Zäit verléieren fir zäitno e Constat ze maachen, wat gutt a wat manner gutt gelaf ass. Am Sënn vun der Gemeng als moderne Patron deen op d’Exigenzen vu sengem Personal an dem Bierger ageet, sollt et dann zur Presentatioun vun engem konkreten Projet kommen.
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
Dossier "SIGI"
Seit vielen Jahren prangern wir als FGFC sowohl die politischen wie auch die geschäftsführenden Zustände innerhalb des kommunalen Syndikates SIGI an.
FGFC Vision politique
D’FGFC steet fir kommunal Identitéit, Proaktivitéit a Participatioun. D'Membere vum FGFC-Bureau exécutif élargi stellen hir Vision politique vir.
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
FGFC- Campagne "Wéi geet et ?"
Le but de cette campagne est de sensibiliser les personnes travaillant au sein de la Fonction publique communale sur les risques psychosociaux et leurs conséquences sur la santé des agents.