Grand Duc Jean

Eist häerzlechst Bäileed un d’groussherzoglech Famill


Ulässlech vum Doud vum Grand Duc Jean sprieche mir stellvertriedend fir d’Personal vun de Lëtzebuerger Gemengen a Gemengesyndikater, der groussherzoglecher Famill eist déift empfonnte Bäileed aus.

Lëtzebuerg verléiert e grousse Staatsmann, dee säi Liewen onsem Land consacréiert huet.

Mir behalen hien an déiwer Erënnerung an trauere mat alle Leit déi sech Lëtzebuerg an der groussherzoglecher Famill verbonne fillen.