Gewerkschaftsaarbecht an d’Gesellschaft hunn sech geännert - wien dat nach net verstanen huet, wäert sech nach wonneren. Eppes huet net geännert: wien, wou a wéi vill matschwätzen dierf entscheet hei nach ëmmer Personal an dat bei Sozialwalen – zeemols bei deene vun der Chambre professionnelle. Inakzeptabel bei Allem ass, dass eng Gewerkschaft et net midd gëtt de Privatsecteur géint de Gemengesecteur auszespillen an sech dobäi kenge Mëttelen ze schuert ass.