FGFC Podcast “Vive Kaffispaus"

Mir si ganz houfreg iech Haut eis éischt Editioun vun eisem neie Podcast “Vive Kaffispaus" ze präsentéieren.
An eiser éischter Episod schwätze mer iwwert eis Aarbecht vun de lëschte Méint, mir huelen d'CHFEP Walen ënnert d'Lupp, a mir soen iech firwat mir fir e staarke Gemengesecteur stinn.
"Vive Kaffispaus" ass de Podcast vun der FGFC Gewerkschaft vum Gemengepersonal. Ee Mol am Moment schwätze mir mat oder ouni Invité iwwer Sujet'en aus dem Gemengesecteur. Serieux mat engem Touche Humor, analyséiere mir déi aktuell Themen déi Gemenge beschäftegen
Mir sinn, de Claude Reuter FGFC-President, Claude Frantzen Chargé des relations publiques. Dir fannt eise Podcast op all gängesche Plattformen. Suivéiert eis och op eisem Internetsite, Facebook an Insta.
Mir sinn offen fir all Propose déi mir als Sujet an eisem Podcast huele kënnen - schreift eis einfach eng Mail op fgfc@fgfc.lu
Hei déi Linken op déi verschidde Plattformen, ob der een eise Podcast lauschteren an abbonéiere kann: