De President vun der FGFC schwätzt Kloertext bei RTL
Dëse Artikel ergänzt d’Aussoen, déi de Moie vum President vun der FGFC Gewerkschaft vum Gemengepersonal, gemaach goufen. Hien war "Invité vun der Redaktioun" op RTL, wou hien a knapper Zäit op déi aktuell Erausfuerderunge fir de Gemengesecteur an d’Personal agaangen ass.
A sengen Aussoe goung hien op déi aktuell Diskussiounen an, wéi et dem Gemengesecteur an sengem Personal geet. Hien huet drop higewisen, datt dës Themen net nei sinn. Zanter Jore setzt sech d’FGFC fir d’Belaangen an d’Wuelbefannen vum Gemengepersonal an.
Präventioun an Engagement am Gemengesecteur
Virun iwwer 4 Joer huet d’FGFC eng wichteg Präventiounscampagne zesumme mat Syvicol, dem Ministère de l’Intérieur an dem Service psychosozial vun der Fonction publique lancéiert. Ënnert dem Motto "Wéi geet et?" gi 8 grouss Themen iwwer psychosozial Risiken behandelt. De President huet betount, datt et net duer geet, nëmme Sensibiliséierungscampagnen ze maachen: „Mir brauchen eenheetlech a kloer Reegele fir de Gemengesecteur.“
De Minister Léon Gloden huet viru Kuerzem d’Fuerderung vun der FGFC no engem "Groupe de travail" akzeptéiert, fir kuerzfristeg Léisungen um Niveau vun de kommunale Regelementatiounen auszeschaffen. Dëst beinhalt e Reglement d’ordre intérieur (ROI) , dat als legal Guideline d’Zesummenaarbecht an de Gemengen verbessere soll. Dobäi sollen all Gemengen an hir Personaldelegatioune kënne spezifesch Besoine mat afléisse loossen.
Op laang Siicht wëll d’FGFC gesetzlech Kaderen, déi primär den "Temps de travail" an aner essentiell Texter reguléieren, fir eng kloer Assimilatioun mam Staat ze garantéieren. Dës Texter missten och Themen ewéi Astellungsprozeduren, Formatiounen, Reglementer, Managementstandarden, Organigramm, Aufgaben a d’Kompetenze kloer definéieren. Hei fuerdert d’FGFC och e Kompetenzzentrum am Ministère des Affaires intérieures, fir primär eise Personalbüroe op de Gemengen déi néideg Ënnerstëtzung ze garantéieren.
Am Kader vun der Sécherheet an der Gesondheet bedauert FGFC, datt déi aktuell Regierung de Gesetzesprojet 7183 (Projet de loi portant création du Centre pour la sécurité, la santé et la qualité de vie au travail dans la Fonction publique) ouni Erklärung an ouni Sozialdialog duerch d’Hannerdier ofgeschaaft huet. Elo ginn ab dem 1. Januar all Kompetenze fir Sécherheet a Gesondheet am ëffentlechen Déngscht an d’ITM fusionéiert. De President huet betount, datt et op d’mannst den Anstand gewiescht wier, nodeems d’FGFC eng Entrevue mam Aarbechtsminister Georges Mischo hat, d’Gewerkschaft mat hirer Fachkompetenz am Secteur anzebezéien.
„Wéi soll eng Reform vun der ITM praxisorientéiert ginn, wa bis elo nach keen dorun geduecht huet, datt bis hauit nach kee fir de Gemengesecteur zoustänneg war ?“ huet de President gefrot. Hie bedauert, datt d’Gewerkschaft an dësem zentrale Punkt net agebonn ass, obwuel si wesentlech Kenntnisser iwwer d’Besoine vum kommunale Secteur matbréngt.
Dës Entwécklungen ënnersträichen nach méi d’Noutwendegkeet vun engem FGFC Matsproocherecht, fir gemeinsam a praktikabel Léisungen am Interesse vum Gemengepersonal ze fannen.
Schaarf Kritik un illegale Praktiken
D’FGFC stellt kloer, datt si sech aktiv a konstruktiv fir Léisunge bei Problemer asetzt, awer ënner kengen Ëmstänn Illegalitéiten toleréiert. „Et ass eis Pflicht, mat aller Konsequenz de Fanger an d’Wonn ze leeën, bis déi verantwortlech Acteure sech de, betraffenenen Dossieren unhuelen,“ huet de President betount. „Bis elo hu mir nëmmen eng ‘amuse-bouche’ am Dossier Diddeleng servéiert.“
De President huet besonnesch den Diddelenger Schäfferot schaarf kritiséiert. „Hei gëtt massiv géint Mënscherechter, den Code du travail, de Statut an d’Protection des données verstouss. Jidderee muss sech u geltend Gesetzer halen – da muss dat och fir Gemengepolitiker gëllen!“ Hien huet betount, datt d’Autonomie communale net dozou dierf féieren, datt illegal Praktiken toleréiert ginn.
D’FGFC weist sech och iwwerrascht, datt säit Méint eng Plainte bei der CNPD (Commission Nationale pour la Protection des Données) virläit, mee anscheinend keen Interessi besteet, dëse Fall virunzedreiwen. „Et gesäit esou aus, wéi wann d’Strategie no dem Motto ‘les chiens aboient et la caravane passe’ mat aller Konsequenz duerchgeboxt soll ginn – mee net mat der FGFC.“
D’FGFC fuerdert d’Regierung op, dësen Dossier mat aller Suergfalt z'analiséieren a gegeebenenfalls ze sanktionéieren. „Mir brauchen gesetzwierklech Kloerheet a richteg Kaderen, fir datt esou Machenschaften an Zukunft net méi méiglech sinn,“ huet de President ënnerstrach. „Mir ginn net op, bis d’Recht duerchgesat gëtt a méi Transparenz am Gemengesecteur geschaf gëtt.“
Gemengefinanze: En onduerchsichtegt Thema
Zum Schluss huet de President och d'Thematik vun de Gemengefinanzen ugeschwat. „D’Belaaschtunge gi fir d’Gemengen ëmmer méi grouss,“ sot hien, „vun de Käschte fir Follgeinvestitiounen iwwer Obligatiounen bis hin zu Spuermoossnamen, déi um Enn dacks um Réck vum Personal ausgedroe ginn.“ Hien huet ënnerstrach, datt d’FGFC e staarke Fokus op d’Gemengebudgeten huet, well d’Zukunft vu ville wichtege Servicer, wéi beispillsweis dem Busyndikat TICE, direkt dovunner ofhänkt. „Wann d’Gemengefinanzen a Schieflage geroden, wäerten och déi essentiell Déngschtleeschtungen drënner leiden,“ huet hie gewarnt.
De President huet och eng wuessend Kompetitivitéit tëscht de Gemengen a punkto Déngschtekäschten thematiséiert. „Dat geet géint de Prinzip vun enger ëffentlecher Prestatioun. Déngschtleeschtunge musse iwwerall déi selwecht Qualitéit hunn. Et kann net sinn, datt et esou grouss Ënnerscheeder gëtt, jee nodeem wou een wunnt oder wéi gutt d’Gemengekeess gefëllt ass,“ huet hie betount.
Als Beispill huet hien d’Subventioune fir Solaranlagen ugefouert, wou méi räich Gemengen méi héich Ënnerstëtzungen ubidden, während méi kleng oder manner finanzkräfteg Gemengen net déiselwecht Méiglechkeeten hunn. „Dëst ass net akzeptabel. Kommunal Déngschtleeschtunge mussen iwwerall gläich a gerecht sinn, soss steet d’Integritéit vun der ëffentlecher Prestatioun um Spill.“
D’FGFC bleift um Ball
Mat kloeren Aussoe weist d’FGFC, datt si sech als staarke Partner fir d’Gemengepersonal gesäit. „Mir verlaangen, datt déi ugeschnidde Problemer net nëmme diskutéiert, mee och konsequent geléist ginn – fir e faire Kader an eng nohalteg Zukunft am Gemengesecteur ze garantéieren,“ huet de President betount.
D’FGFC ënnersträicht awer och, datt et positiv Beispiller gëtt, déi musse valoriséiert ginn. „Et ass eis immens wichteg ze soen, datt et och e ganze Pak Gemengen a Gemengesyndikater gëtt, bei deenen ustoend Situatiounen op konstruktiv Manéier geléist goufen. Hei gëtt zesumme geschafft, an och Politiker setzen sech mat eise Personaldelegatioune beieneen, fir gemeinsam Léisungen ze fannen.“
D’FGFC ass der Meenung, datt dës Approche muss als Virbild déngen a verdéngt et, an dësem Kontext ervirgehuewen ze ginn. „Dës Kollektivaarbecht weist, wéi wichteg et ass, zesummen un engem Strang ze zéien, a si beweist, datt ee mat Dialog a gudder Intentioun vill erreeche kann - dat fir e staarke Gemengesecteur.“