carte_grise

Gro Kaart vum Auto: Adressenännerung och elo op der Gemeng!


E Reglement Grand-Ducal vum 11. September 2018 (Artikel 10) gesäit ënnert anerem fir, datt zukünfteg d’Adressenännerungen net wéi soss nëmme bei der Société Nationale de Circulation Automobile (SNCA) mussen agedroe ginn, mee datt mat Akraafttriede vum RGD dat och op der Gemeng ka gemaach ginn.

Mir hu bei der Regierung nogefrot, wou si dru sinn bei der Ëmsetzung vun dëser neier Dispositioun. Mir krute gesot si géife mat Héichdrock un enger Circulaire schaffen. Un enger einfacher an effektiver informatescher Léisung géif och geschafft ginn.

Och wann dëst Méiaarbecht fir eis Leit um Terrain bedeit, begréisse mir als FGFC dës Mesure, déi de Leit deen oft lästege Gang op d’Kontrollstatioun ofhëlt. Esou geet simplification administrative.

Un de Regierungsstellen dëst elo zesumme mam SYVICOL kohärent, personal- a biergerfrëndlech ëmzesetzen.