Zemools den ëffentlechen Déngscht muss net nëmme mat der digitaler Entwécklung mathalen - e soll souguer Virreider sinn.
D’FGFC ass fir e Centre des technologies du secteur communal (CTC) deen:
Vu dass all Members-Gemeng pro Bierger eng substanziell finanziell Participatioun un de SIGI bezuele muss, sief d’Fro erlaabt, ob d’Ausriichtung vum SIGI deenen haitegen Ufuerderunge gerecht gëtt an ob all déi Ausgabe gerechtfäerdegt sinn?
Bal all Gemeng a Gemengesyndikat ass zwar Member am SIGI, komescherweis, ginn awer ëmmer méi kommunal Patronen an der Informatik ganz aner an eege Weeër. Et kann aus Siicht vun der FGFC net sinn, dass duerch d’Inkompetenz vun der SIGI-Féierung um laangen Enn all kommunale Patron verschidden informatesch Developpementer huet.
Eist Personal muss mat Programmer schaffen, déi weder deenen haitege Besoine gerecht ginn, nach fir déi et eng reaktiounsschnell a kompetent Maintenance gëtt. Mir sinn dann no 40 Joer am digitalen Steenzäitalter ukomm!
De SIGI verkeeft elo säin « Nova » als Wonnerprodukt, fir all déi jorelaang bekannte Problemer ze léisen, onofhängeg vun internationale Lizenzen, Open source, multifunktionnell… Wier do net d‘Rumeur, dass ausser enger faarweger Presentatioun, vill Receptiounen an e puer Simulatiounen, d’Weltneiheet « Made in Luxemburg » wäit ewech vu produktiounsräif ass. Leit vum Fach bezeechnen den « Nova » als eng deier Kopie vu Microsoft-Produkter a kritiséieren, dass d‘Cotisatioun pro Bierger, primär duerch d’Entwécklung vum “Nova”, konstant an d’Luucht geet. Interessant gëtt et spéitstens 2025, dee Moment wou d‘Basislizenze fir déi jëtzeg Programmer definitiv gekënnegt sinn - dann ass et entweder « reboot » oder « crash »…
Wien kontrolléiert all déi Milliouneninvester an Entwécklungen, déi vun der Allgemengheet gesponsert ginn? Wisou gëtt all externe Versuch, Finanztransparenz ze kréien am Keim erstéckt ? Souguer huet een Gefill, dass déi politesch Verantwortlech vum SIGI net un deem Dossier interesséiert sinn.
D’FGFC steet zum Grondgedanken, dass et eng zentral Ulafstell gi muss, an daer déi spezifesch Besoine betreffend d’Informatik, eenheetlech am Gemengesecteur developpéiert a koordinéiert musse ginn.
An deem Sënn wënsche mir dem SIGI alles Guddes fir säi Gebuertsdag.
Matgedeelt vum FGFC Bureau exécutif élargi
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
Dossier "SIGI"
Seit vielen Jahren prangern wir als FGFC sowohl die politischen wie auch die geschäftsführenden Zustände innerhalb des kommunalen Syndikates SIGI an.
FGFC Vision politique
D’FGFC steet fir kommunal Identitéit, Proaktivitéit a Participatioun. D'Membere vum FGFC-Bureau exécutif élargi stellen hir Vision politique vir.
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
FGFC- Campagne "Wéi geet et ?"
Le but de cette campagne est de sensibiliser les personnes travaillant au sein de la Fonction publique communale sur les risques psychosociaux et leurs conséquences sur la santé des agents.