canabis news

Legaliséierung vu Cannabis


Wann et no der Lëtzebuerger Regierung geet, kéint eist Land am Ëmgang mat Cannabis zu engem Virreider an Europa ginn. Een éischte Schrëtt a Richtung Legaliséierung ass annoncéiert: Den Ubau vu Cannabis fir de private Gebrauch soll erlaabt ginn.
De Konsum an de Besëtz vu Cannabis ginn einstweilen awer nach net erlaabt, de Verkaf och net. Trotzdeem deiten déi nei Mesuren op e Paradigmewiessel an der Lëtzebuerger Drogepolitik hin: Ewech vun enger renger Repressiounspolitik an a Richtung vun Depenalisatioun a Preventioun. 

Wéi et zu dësem Paradigmewiessel koum, wéi des Fro an anere Länner gehandhaabt gëtt an wourop et elo ukënnt, liest Dir am nächsten FGFC' Mag.