D’Regierung huet gëschter hir ugeduechten nei Covid-Mesure virgestallt, dëst fir ënneranerem e weidere Lockdown ze verhënneren.
D’FGFC deelt am deem Kontext Folgendes mat:
Aktuell lafe geriichtlech Prozesser déi kläre sollen, op déi nach aktuell Mesuren, déi néideg juristesch Grondlagen erfëllen. D’Kompetenz heifir läit eenzeg an eleng bei de Geriichter, déi elo heiriwwer entscheede mussen.
D’Regierung géif mat deenen ugeduechten, neie Mesuren opmannst déi vun de Sozialpartner gefuerdert Verantwortung iwwerhuelen an eenheetlech Mesuren, betreffend d’Aarbecht a Fräizäit, festleeën, amplaz se, wéi bis elo, un déi eenzel Chef d’administration respektiv de Patron ofzeginn.
D’FGFC vertrëtt de klore Standpunkt, dass keen duerch déi vun der Regierung ugeduechten nei Mesuren seng Aarbechtsplaz verléiere dierf. Et geet dofir och en Appell un eis kommunal Patrone vu Sanktiounen ofzegesinn an dofir ze suergen, dass all aner Méiglechkeete genotzt ginn (Télétravail, Congé, Dispensen…) fir gemeinsam Léisunge mam gesamte Personal ze fannen.
Op der Pressekonferenz sinn nach keng praktesch Modalitéite matgedeelt ginn. Bei der Ëmsetzung vun dësen neie Mesurë geet et awer, wéi ëmmer, ëm den Detail, an et ass ofzewaarden, bis dee bekannt ass. D’FGFC steet op jiddefalls senge Personaldelegéierte mat Rot an Dot zur Säit.
D’FGFC rifft jiddereen op, Eegeverantwortung z’iwwerhuelen an de Maximum dofir ze maachen, sech selwer an seng Matbierger ze schützen - dëst gëllt fir ongeimpft a geimpft.
Géigesäitege Respekt an Eegeverantwortung sinn am Moment zwee wichteg Schlëssele fir duerch dës zäitlech ondefinéiert Pandemie ze kommen.
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
Dossier "SIGI"
Seit vielen Jahren prangern wir als FGFC sowohl die politischen wie auch die geschäftsführenden Zustände innerhalb des kommunalen Syndikates SIGI an.
FGFC Vision politique
D’FGFC steet fir kommunal Identitéit, Proaktivitéit a Participatioun. D'Membere vum FGFC-Bureau exécutif élargi stellen hir Vision politique vir.
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
FGFC- Campagne "Wéi geet et ?"
Le but de cette campagne est de sensibiliser les personnes travaillant au sein de la Fonction publique communale sur les risques psychosociaux et leurs conséquences sur la santé des agents.