News_23_02_2021

Dossier ëffentlech Sécherheet - Stopp matt der aktueller Polemik!


Mat Bedauere verfollegen mir als FGFC-ASAM aktuell d’Schlammschluecht, déi sech an de Medie via Communiquéen an Interviewen am Bezuch op d’Sécherheet am Garer Quartier, der Uewerstad an zu Bouneweeg tëscht de verschiddenen Acteure geliwwert gëtt.

Et kéint een dat Ganzt net esou eescht huelen, wann ee sech net direkt virun Aae misst halen, datt dobaussen an der richteger Welt, Messer gezeckt ginn a gestuerwen gëtt. Hei vergeet zumindest eis d’Laachen.

Den Agent Municipal gëtt vu Ministeren, Buergermeeschteren a Vertrieder vun der Police ëmmer nees als Deel vun der Léisung genannt. D’Gemengebeamte sollen an Zukunft d’Police bei verschiddenen Aufgaben entlaaschten.

Am rezente Schreiwe vum Minister KOX heescht et:

(...) Le ministre a également rappelé que le dialogue ouvert et constructif tant interne à la police qu'externe lui tient particulièrement à cœur. Une concertation avec tous les acteurs locaux et nationaux pour amener les projets à bien est particulièrement essentielle. Il en va de même du dialogue avec les syndicats que le ministre souhaite respectueux et constructif.

Mir stëmmen deem zou, a ruffen heimat de Minister fir bannescht Sécherheet dozou op, sech gemeinsam mat der FGFC-ASAM an aneren Acteuren, wéi Inneministère, Policeverwaltung, Gewerkschaftsvertrieder vun der Police, souwéi Vetrieder vun der Stad Lëtzebuerg un een Dësch ze setzen. Nëmmen esou kënne mir zesummen tragbar Léisunge fannen.

Matgedeelt vum Comité vun der FGFC-ASAM
23. Februar 2021