cassation_agnes

D’FGFC fuerdert eng Disziplinarprozedur fir déi concernéiert Beamten!


Bekanntlech war 2018 de Chef vum Service Parking vun der Stad Lëtzebuerg a säi Vertrieder wéinst Falsch-Aussoen a Relatioun mat engem hinne subordonnéierten Agent Municipal zu 12 Méint Prisong an enger Geldstrof vun 3.000 Euro veruerteelt ginn. D’Cassatioun huet dëst Uerteel elo bestätegt.

Als FGFC fuerdere mir elo de Stater Schäfferot op, fir béid rechtskräfteg veruerteelt Beamten eng Disziplinarprozedur ze entaméieren. Wann e presuméierte Gang an d’Apdikt eng Disziplinarprozedur no sech zitt, dann awer eréischt grad léiséiernd Falschaussoen an enger offizieller Prozedur.

Sollt de Stater Schäfferot dat elo net maachen, si mer definitiv am kommunale Sekter an enger Banannerepublik ukomm. Wann der als kommunale Patron wëllt glafwierdeg bleiwen, da musst der elo handelen!

De Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg huet bis elo refuséiert iergendeng intern Demarche ze ënnerhuelen. Motto war hei: Mir gi vun der Présemption d’innocence aus bis datt e rechtskräftegt Uerteel virläit. E ben, elo ass e et esouwäit!

D’Uerteel bestätegt kloer, datt hierarchesch Cheffen duerch Falschaussoen e Kolleg „agent municipal“ wollten innerhalb vun enger offizieller Disziplinarprozedur massiv schiedegen. Et ass drëms gaangen, datt de Kolleg sech op sengem Tour, well et ëm schlecht war, eppes wollt an d’Apdikt siche goen. Déi perfid Aart a Weis wéi dat gelaf ass, ass ganz schlëmm, zemools mir et hei mat vereedegte Beamten ze dinn hunn.

Matgedeelt vun der FGFC-Exekutiv an der FGFC-ASAM
Lëtzebuerg, de 14. Februar 2019

Uerteel Pecherten: Priong op Sursis, Geldstrof an e symboleschen Euro