Den 3 Februar 2026 huet FGFC zesumme mat der Stad Diddeleng - Charte de coopération ënnerschriwwen, mat dëser Charte soll de soziale Dialog nohalteg gestäerkt ginn an dobäi soll dat kommunaalt Personal am Mëttelpunkt stoen well si e wichtege Pilier fir e qualitativ héichwäertege Service public am Déngscht vun de Bierger·innen sinn.
Mat dëser Initiativ gëtt e kloere Kader fir e respektvollen, transparenten a konstruktive sozialen Dialog geschaf, deen op Vertrauen, Verantwortung an Zesummenaarbecht baséiert. Diddeleng ass domat déi éischt Gemeng am Land mat engem formelle Kader fir eng transparent, strukturéiert a respektvoll sozial Partnerschaft.
Dir fannt déi ganz an ënnerschriwwe Charte am Artikel.
Photoen an dësem Artikel sinn vum Marc Lazzarini gemaach ginn, dëst am Optrag vun der Stad Diddeleng