D'FGFC freet sech dem Gemengepersonal matzedeelen, dass no laangem Hin&Hir de Staatsrot säi positiven Avis zum Accord salarial ginn huet. Et bezuelt sech aus, mat deem richtegen Toun an Hartnäckegkeet ze kommunizéieren.
Mir wäerten eis dofir asetzen, dass an Zukunft all Accord salarial am ëffentlechem Déngscht, direkt mat Staat zesummen op den Instanzewee geet. Eng FGFC léisst keng Verwässerung vun der Assimilatioun zou!