D'FGFC huet de 60. Anniversaire eiser Beruffskummer vum ëffentlechem Déngscht matgefeiert, déi sech zënter hirer Grënnung am Joer 1964 fir d'Interesse vun de Beamten a Employéë bei Staat a Gemengen zu Lëtzebuerg asetzt.
D'Zeremonie huet de ronn 200 Éieregäscht et erméiglecht, d'Geschicht vun der CHFEP an hir wichteg Roll bei der Verdeedegung vun de Rechter vun de Fonctionnairen an Employéeën aus dem ëffentlechen Déngscht an dem kommunale Secteur nach emol Revue passéieren ze loossen.