Wéi geet et ? Soutien psy

Kommunalen ëffentlechen Transport

No der Aféierung vum gratis ëffentlechem Transport sollt et zu kengem Ännerunge fir Personal a Fonctionnement vum kommunalen Transport kommen. Realitéit weist eis leider ëmmer méi, dass dat eng Lige war!

FGFC-TICE
24.11.2023

Géint d’Gewalt am ëffentlechen Transport

Dem President vun der FGFC-TICE Personaldelegatioun, Théo Schickes seng Ried um Protestpiquet vum 24. November 2023. 

Ronn 150 Buschaufferen, Gemengepersonal a Sympathisante waren dem Opruff nokomm, sech um 10:00 Auer op der Escher Gare ze gesinn. 

FGFC PIQUET
20.11.2023

FGFC Protestpiquet - Stopp Gewalt !

No deene rezenten a widderhuelend Iwwergrëff op Personal vum Busbetrib TICE, huet sech Personaldelegatioun vum TICE zu engem Protestpiquet entscheet.

FGFC TICE
18.11.2023

Erëm Aggressiounen géint TICE-Personal: Patron a Politik stinn an der Verantwortung

Gëschter, Freideg 17. November 2023 goufen et um TICE direkt 2 Aggressiounen, bei deenen et zu Verletzunge koum. Leider ass et scho bal zum Alldag ginn dass et zemools op der Escher Gare zu esou Tëschefäll kënnt.

D'FGFC Personalvertrieder zesummen mat der FGFC-TICE Sektioun fuerdere scho säit Joren, dass eppes ënnerholl misst ginn.

FGFC TICE
25.10.2023

Distanzéierung vun de Communiquéë vun déi Lénk an der OGBL-TICE Sektioun

D’FGFC TICE Sektioun distanzéiert sech vun der Positioun vun déi Lénk an der TICE Sektioun vum OGBL. Mer sinn zouversiichtlech dass de Gros vun de Mataarbechter déi populistesch Kommunikatioun duerchkuckt an net drop erafält.

TICE
20.07.2023

TICE Personaldelegatioun gëtt aktiv an d’Planifikatioun vum Reseau mat agebonnen.

Wéinst der aktueller Suerg betreffend d‘Iwwerliewe vum interkommunalen Transport-Syndikat TICE, huet sech d’TICE-Personaldelegatioun mam Vizepremier an Transportminister François Bausch rezent getraff. De gemeinsame Pressecommuniqué hei op Lëtzebuergesch.

News_transport
10.02.2023

Gratis Chaos am ëffentlechen Transport

Mat groussem TamTam ass de gratis ëffentlechen Transport am Mäerz 2020 annoncéiert ginn; dat mam Kredo: jidderee gewënnt - kee verléiert eppes!

Op déi kritesch Stëmme vun de Leit um Terrain ass net gelauschtert ginn, mam Resultat, dass knapps 3 Joer dono sech d’Problemer zesummestauen.