Allgemeng bedauere mir als FGFC, datt de Fonctionnement vun der Fonction publique deels polemesch ëffentlech diskutéiert gëtt. D’Fonction publique ass esou villschichteg a komplex, datt een dat Ganzt net méi einfach esou iwwert ee Kamm ka schielen wéi fréier. E Polizist ass kee Schoulmeeschter, ass kee Riichter, ass keen Handwierker, ass kee Bus-Chauffeur ass keen Gemengesekretär asw.
Zemools bei eis an de Gemengen a Syndikater, déi mir wuel mam Staat assimiléiert sinn, gëtt et endlech Zäit, datt der effektiver Personal-Situatioun endlech Rechnung gedroe gëtt.
Wat d’ Visiounen an och d’Ausrichtung vun den Aarbechtskonditioune beim Staat betrëfft, geet et an déi richteg Richtung. Betreffend eng kohärent Approche bei de Gemengen bleiwe mir un der Gemengen-Autonomie hänken, zemools de SYVICOL sech hei net fir kompetent erkläert.
Och wann ënnert dem Impuls vum Dan Kersch als Minister vun der Fonction Publique, nei Akzenter gesat gi sinn - mir als FGFC mussen hei mat un de Verhandlungsdësch!
Zemools bei de Gemengen wor 80-80-90 eng reng Spuermesure, soss näischt. Et soll keen eis vun enger Evaluatioun vum Stage schwätze kommen, well et esou e Stage ni ginn ass. Eis Leit schaffen vun Ufank un 100 %.
Matgedeelt vun der FGFC Exekutiv
28. Juni 2018
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
Dossier "SIGI"
Seit vielen Jahren prangern wir als FGFC sowohl die politischen wie auch die geschäftsführenden Zustände innerhalb des kommunalen Syndikates SIGI an.
FGFC Vision politique
D’FGFC steet fir kommunal Identitéit, Proaktivitéit a Participatioun. D'Membere vum FGFC-Bureau exécutif élargi stellen hir Vision politique vir.
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
FGFC- Campagne "Wéi geet et ?"
Le but de cette campagne est de sensibiliser les personnes travaillant au sein de la Fonction publique communale sur les risques psychosociaux et leurs conséquences sur la santé des agents.