De Lex Bentner iwwert Géigewaart an Zukunft vum Betrib
Engem Mënsch, deen d’Stroosse ronderëm d’Stad kuckt, falen déi verschidde Schantercher an d’A, déi säit engeger Zäit eng grouss Verännerung an eisem ëffentlechen Transport ukënnegen. Den Tram kënnt mat grousse Schrëtt méi no, mee net nëmmen déi vill Changementer a relativ kuerzer Zäit stellen en Defi fir de Busdéngscht vun der Stad Lëtzebuerg duer. E Betrib, dee ronn 550 Mataarbechter zielt, erfuerdert grouss Responsabilitéit vis-à-vis vum eegene Personal, grad esou, wéi géintiwwer dem Client, deen op de gudde Fonctionnement vum Transportsystem ugewisen ass. Den Här Lex Bentner, Chef de service vum AVL, huet eis an engem Gespréich iwwert déi aktuell Projeten an Iwwerleeungen am Betrib opgekläert.
Komplementaren Asaz vu Bus an Tram
Fir de Busdéngscht bréngt den Tram eng Rei Changementer mat sech. Den Haapttracet tëscht der Gare Centrale an der Uewerstad wäert vum Tram iwwerholl ginn, wat awer net bedeit, dass de Bus verschwënnt oder opgehale gëtt, verschidde Linnen ze exploitéieren, wéi eis den Här Bentner verséchert. De Busdéngscht gëtt ergänzend zum Tram agesat a wäert wuel nach wichteg Strecke fueren, dëst awer net parallel zum Tram. Hei kënnt de Quartieren de Changement zegutt, well eng méi ëmfangräich Vernetzung doduerch zustane kënnt, dass de Busdéngscht si mat de Linnebusser abënnt. Op den Haaptkniet an deene wichtege Plazen, spréch dem Hamilius, der Gare oder der Luxexpo, wäerte Bus an Tram ëmmer zesumme fonctionnéieren. Nëmme wéineg Linne sollen an deem Kontext agestallt ginn. Geplangt an enger éischter Phase ass bis elo just d’Linn 1, well den Tram dës Streck wäert iwwerhuelen. Am grousse Ganze stellen den Tram an den Bus een komplementärt a gesamt Konzept vum ëffentlechen Transport fir d’Stad Lëtzebuerg an d’Randgemengen duer. Eng genau Koordinatioun muss duerch eng enk Zesummenaarbecht garantéiert ginn.
Verbesserung vum System
„D’Ergänzung vum ëffentlechen Transport an der Stad duerch den Tram bedeit eng Plus-value fir all Acteur”, sou den Här Bentner. De Bléck an d’Ausland verréit, dass duerch e verbesserte System vum ëffentlechen Transport am allgemenge méi op dësen zeréckgegraff gëtt. Ee bessere System an domat eng erhéichten Nofro zitt automatesch en Investissement a Kapassitéiten an domat och an Aarbechtskraaft no sech, fir dëser Nofro kënne gerecht ze ginn. An deem Kader ass och e Changement vum AVL Depot am Laf vun deenen nächsten zéng Joer geplangt, fir deen éischt Iddien an engem Aarbechtsgrupp diskutéiert ginn.
Allerdéngs ass et schwéier virauszesoen, wéi d’Demande genau un den ëffentlechen Transport an Zukunft wäert sinn, bezéiungsweis, mat wat fir enge Mëttele wéi op eng Offer reagéiert gëtt. Duerch bestänneg Investitiounen an Formatiounen fir den Chauffeur stellt den AVL sécher, dass de Betrib prett ass fir den Asaatz vun neien Technologien, fir dem Interêt an der Demande vum Client no
ze kommen.
Changementer fir d’Chaufferen
De Personalbestand bei de Stater Bussen ass an deene lescht Jore staark an d’Luucht gaangen. Iwwer 10 % Wuesstem huet den AVL a manner wéi dräi Joer ze verzeechnen. Et gouf nach ni esou vill Mataarbechter am Betrib an et si keng Restriktioune geplangt. Op d’Chauffere wäerten nei Linnen an aner Adaptatiounen zoukommen, allerdéngs wäert sech d’Situatioun fir si net zum Negativen entwéckelen. Den AVL setzt sech dofir an, dass elo, wou d’Schantercher nach do sinn, de Bus iwwert déi nächst zwanzeg bis drësseg Joer seng Plaz kritt.
Eng gewësse Flexibilitéit ass an nächster Zäit trotzdeem gefuerdert, virun allem wann et em d’Linne geet, déi de Chauffer fuere muss, wat allerdéngs och seng Virdeeler huet. Vill Chauffere begréissen d’Ofwiesslung am Fuerplang. Un der Planung vun den Déngschttier, déi a Fonctioun vun dem Déngschtalter an déi verschidde Roulement’e verdeelt ginn an déi eng Délégatioun vun Chauffeuren am viraus no hirer Preferenz kënne wielen, respektiv ënnerteneen ofklären, ännert sech grondsätzlech näischt. Am Kader vun de legalen Aarbechtszäiten genéissen d’Chauffere vum AVL eng Fräiheet an der Verwaltung vun hirer Aarbechtsopdeelung, déi keen anere Busbetrib am Land ubitt, z.B. andeems d’Chauffeuren hier
Tier ënnert sech kënne wiesselen. Och
déi nei gesetzlech Reegelunge vum Congé parental gi gären an Usproch geholl, wat eng Flexibilitéit vun ganze Betrib fuerdert. Den Usproch vun der sougenannter Work-Life-Balance, déi den Aarbechtsmarché erëmdreift, ass och hei ukomm an et gëtt versicht, dëser sou gutt ewéi méiglech nozekommen.
Sujet Elektrobusser
Den Elektrobus, deen elo agefouert gëtt, huet natierlech och en Impakt op de Busbetrib. Hei gëtt an Zäit a Material investéiert, wat prinzipiell och méi Aarbechtskraaft erfuerdert. Déi méi ëmweltfrëndlech Transportméiglechkeet huet ënnert anerem de Virdeel, dass se manner Kaméidi mécht an esou d’Awunner vun de Quartieren, déi en owes duerchfiert, net stéiert, wouduerch d’Liewensqualitéit an den Quartiere weider erop geet.
An Zukunft soll esou vill wéi méiglech op Elektrobusser zeréckgegraff ginn. Fir d’Ëmsetzung vun dësem Projet ze garantéieren, ass et fir den AVL allerdéngs onerlässlech, eng Infrastruktur ze hunn, déi dëse Changement erméiglecht. Ee Facteur ass hei den Ausbau vu Plazen, wou d’Busse kënne chargéiert ginn. Eng gewëssen Unzuel un Hybrid-Busser muss wahrscheinlech erhale bleiwen, fir d’Flexibilitéit kënnen ze garantéieren. Den AVL ass an dësen Entwécklungen un den technologesche Fortschrëtt gebonne, deen d’Evolutioun an deem Beräich virgëtt. Fir den Här Bentner läit d’Zukunft ouni Fro am Elektrobus, dee bis 2025 op mannst 80 % vum AVL soll ofdecken. D’Gespréicher heiriwwer mat CREOS lafen.
Regional Leedstellen
Vum Ministère gouf kierzlech decidéiert, dass et an Zukunft véier regional Leedstelle wäerte ginn. Den AVL iwwerhëlt an dësem Kontext d’Regioun Zentrum, déi sech aus der Stad souwéi ugrenzende Randgemenge forméiert. Den TICE wäert fir de Süden zoustänneg sinn, d’CFL fir den Osten, de Verkéiersverbond schliisslech fir den Norden an de Westen. Fir den Ausbau vun de regionale Leedstelle wäerten zukünfteg weider Poste geschaf ginn, déi iwwert de Ministère finanzéiert ginn. D’Zesummenaarbecht vun de regionalen Leedstellen ënnert enger zentraler erméiglecht eng méi effektiv Koordinatioun an och d’Informatioune fir de Client wäerte vun hei aus vermëttelt ginn.
Visioune fir d’Zukunft
Den Här Bentner betount, dass et véier wichteg Achse ginn, déi fir e weidere gudde Fonctionnement vum Betrib essentiell sinn :
Eng gutt Koordinatioun vun den ënnerschiddleche Moyene vum ëffentlechen Transport.
De Client soll ouni Schwieregkeete tëscht Tram, Zuch, urbanen a regionale Buslinne kënne wiesselen, fir u säin Zil ze kommen.
Technologesche Fortschrëtt. Den Elektrobus bréngt Virdeeler fir Mënsch an Natur.
Kommunikatioun mam Client Den AVL plangt, an Zukunft vill Energie an eng Verbesserung vun der Kommunikatioun mam Client ze stiechen. Dëse muss iwwert Perturbatioune virzäiteg informéiert ginn an an der Folleg vun A op B zouverlässeg guidéiert ginn. De Client muss an de Virdergrond gestalt ginn, well duerch e gudde Service den ëffentlechen Transport promouvéiert gëtt
Zesummenaarbecht mam Personal.
Grad esou wichteg, wéi de Kontakt mam Client ass d’Beméiung em d’Zefriddenheet vun de Mataarbechter, déi de Betrib um Lafen halen. Eng gutt fonctionnéiernd intern Kommunikatioun ass dem Här Bentner immens wichteg.
„Bei eis stinn d’Diere grondsätzlech ëmmer op”, seet de Chef de service, deen sech souwuel fir d’Personal an der Administratioun wéi och fir d’Chaufferen Zäit hëlt, wann e Problem virläit. Och gi lafend Formatioune fir d’Leit vum AVL ugebueden, déi et hinnen erméiglechen, hir Aarbecht gutt ze maachen.
PLUS D’INFOS
www.vdl.lu/se-deplacer/enbus
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
Dossier "SIGI"
Seit vielen Jahren prangern wir als FGFC sowohl die politischen wie auch die geschäftsführenden Zustände innerhalb des kommunalen Syndikates SIGI an.
FGFC Vision politique
D’FGFC steet fir kommunal Identitéit, Proaktivitéit a Participatioun. D'Membere vum FGFC-Bureau exécutif élargi stellen hir Vision politique vir.
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
FGFC- Campagne "Wéi geet et ?"
Le but de cette campagne est de sensibiliser les personnes travaillant au sein de la Fonction publique communale sur les risques psychosociaux et leurs conséquences sur la santé des agents.