image accroche Claudia

Claudia Monti


« Peacemaker » amplaz « Knouterfra »

D’Madame Claudia Monti, Affekotin a fréier Vizepräsidentin vun der DP, war laang Zäit am Hannergrond aktiv, éi si den 21. Mäerz mat enger klorer Majoritéit (35 vu 54 Stëmmen) an der Chamber fir de Poste vum Ombudsmann am Kader vun engem geheime Vott gestëmmt gouf. Domadder huet si d’Madame Lydie Err ersat, där hiert Mandat am Abrëll no fënnef Joer am Amt zu Enn gaangen ass. Mir hu mat hir geschwat a si em hier perséinlech Andréck vun hirer Fonctioun gebieden.

 

D’Amt vum Ombudsmann gëtt et eréischt säit 2003 an net jiddwerengem ass kloer, wat genau d’Aufgabe vun dësem Poste sinn. Kënnt Dir eis dës kuerz erklären?

Ech definéiere mäin Job ëmmer als „Peacemaker“. D’Leit komme bei eis, wa si e Problem mat enger Administratioun, engem Ministère, enger Gemeng oder engem Etablissement public hunn, z.B. mat der Applikatioun vun engem Gesetz oder wa se net verstinn, firwat se op eng gewëssen Aart a Weis behandelt ginn. Grondlag vun eisem Engagement sinn ëmmer déi jeeweileg Dokumenter, déi mam Problem verbonne sinn. Mir huelen eis vill Zäit fir d’Leit, well oft muss sech virun allem em dat Mënschlecht gekëmmert ginn. Oft sti mer virun der Aufgab, iwwerhaapt emol d’Texter fir béid Säiten ze decodéieren: fir d’Leit doheem ass dëst oft de juristesche Langage, dee Problemer mécht, fir d’Administratioune sinn et emotional gefierfte Bréiwer, aus deenen dat Wesentlecht oft net kloer ervirgeet. An där Hisiicht ass och psychologescht Feigefill gefrot, wa si sech schummen, eppes ze soen, wat fir d’Klärung vun enger Situatioun awer wichteg ass. Villes gëtt am Team beschwat, well dacks brauch een den objektive Bléck vu baussen oder d’Experienz vu verschiddene Leit, fir déi bescht Léisung ze fannen. Wichteg ass och ze betounen, dass mir onofhängeg vum Gouvernement an der Chamber schaffen. Mir verkierperen absolut Neutralitéit an och de Begrëff vun der „Knouterfra“ gefält mer net, well mir eng positiv Roll verkierperen. Mir negociéieren, wann een et esou wëll huelen.

En zweete Volet betrëfft de Contrôle externe vun ëffentlechen Ariichtungen, wéi Prisongen oder Flüchtlingsheemer. Hei kënne mir onugemellt kontrolléieren, ob d’Leit ënner mënschegerechte Konditiounen ënnerbruecht sinn. Och hei kënne betraffe Leit sech un eis wenden, wann se z.B. keng medezinesch Verfleegung kréien oder Ähnleches.

Wou leien hei Är Méiglechkeeten an Är Limitten?

Wa mir feststellen dass z.B. d’Administratioun Recht huet, musse mer de Leit soen, dass mer näischt kënne fir si maachen, dat gehéiert leider och dozou. Mir versichen awer ëmmer de Leit d’Situatioun ze erklären. Wa mer mengen, mer kéinten eppes fir se maachen, z.B. bei enger gesetzlecher Grozon, schreiwe mir e Bréif an eisem Numm an arrangéieren deemno wéi e Rendezvous mat de Responsabelen, dëst awer ouni déi Betraff. Mir sinn an deem Sënn keng

Mediatioun, well mir aus der Objektivitéit eraus Situatiounen analyséieren an interpretéieren, an nëmmen an exzeptionelle Fäll an op hire Wonsch d‘Leit sech nach eng Kéier gesinn, woubäi mir eis awer gréisstendeels eraushalen. Mir schaffen net, wéi e Mediateur, eng Konventioun aus, déi vu béide Säiten ënnerschriwwe gëtt a wou se drop verzichten, op d’Geriicht ze goen. Bei eis ass et d’bonne foi déi zielt, et ass keen zu näischt forcéiert.

Wat mécht Äre Stil als Ombudsmann aus?

Ech hu siwwenzéng Joer um Terrain geschafft an eng relativ realistesch a pragmatesch Approche. Och probéieren ech ëmmer dat Mënschlecht hannert dem Text ze gesinn a sichen de perséinleche Kontakt. Ech ginn éischter laanscht oder huelen den Telefon an de Grapp, wéi dass ech zwanzeg Bréiwer schreiwen, wat oft Verwonnerung ausléisst. Wat mech perséinlech ausmécht ass vläicht och, dass ech vum ganz einfache Standpunkt ausginn: Wann ech eppes net verstinn, obwuel ech e juristesche Background hunn, wéi soll dann een et verstoen, deen sech net an deem Beräich auskennt? Oft sinn Entscheedungen net verständlech och wann een de Sënn vun engem Gesetzestext versteet. Do hunn ech eng Approche, déi immens terre-à-terre ass a wou ech mech an d’Situatioun vun de Betraffene versetzen.

Dir sidd säit dem 24. Abrëll als Ombudsmann täteg. Wéi hutt Dir dëse grousse Schrëtt wouergeholl?

Wéi ech matkrut, dass d’Plaz fräi sollt ginn, hunn ech fir d’éischt meng Partei gefrot, ob sech vun eis schon ee wéilt mellen, well et bréngt näischt, wanns de vun denger eegener Partei net ënnerstëtzt gëss. Ech hat Loscht, no 17 Joer mol eppes aneres ze maachen, wat, denken ech, och ganz gesond ass, well een en anere Bléckwénkel kritt. Duerch verschidde Clienten war de Kontakt zum Här Fischbach an der Madame Err schon emol zustane komm an ech wousst dohier e bëssen, op wat ech mech géing aloossen. Ech hat och scho Coursen an der Mediatioun geholl. Dee Moment, wéi d’Resultat vun der Wahl bekannt ginn ass, souz ech op engem Ministère, wou ech eppes fir e Client arrangéiert hunn. Ech hu mech natierlech gefreet, realiséiert hunn ech et allerdéngs eréischt, wéi ech owes a mäi Büro zeréckgaange sinn. Da kënnt der de Gedanken: Dat do ass elo eriwwer. Meng Sekretärin war vun Ufank un iwwert meng Kandidatur informéiert an ech si frou, dass si direkt eng nei Plaz fonnt huet, dat war mer immens wichteg. Och fir Clienten, déi ech zum Deel scho laang suivéieren, war et mer wichteg, si bei engem aneren Affekot gutt ënnerzebréngen. Ech hat ee Mount Zäit, fir alles an d’Rei ze kréien an et war immens stresseg, sou dass ech den Iwwergang guer net richteg matkrut, deen u sech fléissend ass. Ech hu mech séier missen an d’Dossieren aschaffen an hat Chance, dass ech mat oppenen Äerm empfaange gi sinn. T’ass eng intellektuell Erausfuerderung, wat immens flott ass. D’Plädéiere feelt mer heiansdo, mee villes ass och vergläichbar mat menger Aarbecht als Affekotin. Ech hëllefen nach ëmmer de Leit a virun allem dat Mënschlecht zielt.

Wou leien aktuell d’Accent’e vun Ärer Aarbecht?

D’Immigratioun ass am Moment ee vu mengen Haaptschantercher. Mir sinn an enger Period, wou nees eng ganz Rëtsch Leit kommen, mee t’ass mer wichteg ze betounen, dass aner Leit net mengen, si kéimen dowéinst ze kuerz. Mir hunn eng kloer Aarbechtsopdeelung am Haus an et gëtt sech gläich vill em déi verschidde Volet'e gekëmmert.

Mat wéi engen Erausfuerderunge sinn eis Foyer’e fir d’Flüchtlinge konfrontéiert?

Wann ech den Tour duerch d’Foyeren maachen, kréien ech Sätz ze héieren, wéi: „Kucks de rem, dass se anstänneg z’iesse kréien?“ Tatsächlech ass d’Iessen ee vun den Haaptproblemer vun de Leit an d‘Wichtegkeet vum Thema gëtt oft verkannt. Et geet hei em e Stéck Kultur a Selbstännegkeet, dat fir si verluere geet, wann se em eng virgeschriwwen Auerzäit dat mussen iessen, wat op den Dësch kënnt. Si hunn näischt verbrach a hunn an där Hisiicht manner gutt Konditioune wéi d’Leit am Prisong. Déi kréie méi Suen a kënnen tëscht verschiddene Menüe wielen. D’Flüchtlinge sinn net fräiwëlleg hei an et ass keen Argument ze soen, dass si jo awer alles fir näischt kréien. Déi Leit hunn alles verluer a leiden onheemlech ënnert der Situatioun. Och fir Koppelen ass et schwéier, wann se net mat hirem Partner an engem Bett kënne schlofen. Et geet em elementar Bedürfnisser, déi ville Leit vu bausse guer net bewosst sinn. Och si Flüchtlingen, déi am Eisléck an engem Foyer sinn, immens isoléiert, well wéineg Bussen an d’Stad fueren. Mir schaffe mat de Gemengen zesummen, fir de Leit eng besser Mobilitéit ze erméiglechen an esou ze verhënneren, dass si nëmmen ënnert sech sinn an noutgedrongen hier Trauma ënnertenee beschwätzen. Den Encadrement iwwert Assistantes Socialen ass oft net geséchert. Verschidde Foyer’e sinn och net behënnerte-gerecht a Leit, déi am Rollstull sëtzen, kënnen net duschen. Et gëtt bei de Responsabelen e Moyensproblem wat d’Infrastruktur a wat d’Mataarbechter betrëfft. Et ass immens vill gudde Wëllen do, mee mir sinn als Land immens kleng an et muss hin an hier jongléiert ginn, fir d’Ressourcen esou ze verdeelen, dass keen ze kuerz kënnt, wat schwéier ass.

A wéi engem Beräich leien d’Problemer vun de Gemengen?

Grondsätzlech ginn et Problemer, wann déi lénks Hand net weess, wat déi riets mécht, wat leider heefeg an Administratioune virkënnt. Dozou kënnt, dass all Gemeng Problemer anescht aushandelt. Beispillsweis kann een den Office social vun ënnerschiddleche Gemengen net matenee vergläichen. Déi eng gi fofzeg Euro wann ee schlecht drun ass, déi aner iwwerhuelen direkt de ganze Loyer, wat ëmmer eng Fro vun der interner Politik ass. En anere Problem besteet an der Logementspolitik: wien huet méi oder manner Wunnengen. Mat Autorisations de construction hu mer och vill um Gemengenniveau ze dinn. Wann deen een Noper sech eppes an de Gaart stellt, dat deem aneren Noper d’Sonn hëlt a seng Blummen aginn, kann dat fir déi Betraff en existenzielle Problem sinn, a mir mussen dat seriö huelen. Och sinn op där enger Gemeng d’Assistants sociauxe méi motivéiert, wéi op där anerer, wat e Personalproblem ass, deen net direkt mat der Gemeng verbonnen, awer existent ass. Mir sinn allerdéngs net fir d’Personalproblemer zoustänneg, versichen awer trotzdeem d’Leit opzefänken, a weiderzeleeden.

Mir géingen e prinzipiellen Austausch tëscht de Gewerkschaften an Iech begréissen. Kéint Dir Iech dat virstellen?

An enger gewësser Hisiicht kann een duerchaus komplementar sinn. Dir kënnt eis natierlech gäre Leit weiderschécken. Mir sinn eben net nëmmen dofir do, fir ze revendiquéieren, wat schlecht gemaach gëtt, mee fir d’Leit an hire Rechter ze ënnerstëtzen, an dat muss däitlech no bausse kommunizéiert ginn.

Scho gewosst?

D’Madame Monti iwwerhëlt beim INAP d’Coursen iwwert de Code de bonne conduite, deen ënnert der Madame Err ausgeschafft ginn ass. „D’Leit an der Fonction publique mussen an där Hisiicht forméiert ginn. Och Leit an niddrege Positioune musse fir hir Aarbecht valoriséiert ginn, well all Aarbecht wichteg ass“, deelt si eis am Interview mat.