fgfc_ogbl

Delegatiouswalen am Gemengesecteur : Rout Kaart fir den OGBL-Landesverband !


Laang Zäit hu mer eis als FGFC zréck gehale wann et dorëms gaangen ass, wéi inkompetent, d’KolleegInne vum Landesverband - elo offiziell integréiert an den « OGBL-Services publics » - um Terrain agéieren. Wéi de Landesverband virun enger Zäit ganz schlecht do stoung, hu mir eis als FGFC zréck gehalen. Mir hunn et net als eis Aufgab gesinn, op eng Gewerkschaft ze klappen déi um Buedem louch. Eiser aller Aufgab ass schwéier genuch a gëtt, wéi der wësst, net méi einfach.

Wa mer Gemengesecteur schwätzen, sëtzen d‘KolleegInne vum OGBL mat eis an der Commission Centrale, awer och an der Chambre des Fonctionnaires. All Insider weess : Den Engagement vun den OGBL-Leit iwwert déi leschte Jore war quasi null ! Keen Input vun hirer Säit, nada! Dat Eenzegt wat se interesséiert huet ware Fotoe mat MinisterInnen, sporadesch Piqueten, gewierzt mat polemeschen Aussoen. Och op all Pressekonferenz ware se vertrueden, wei Touristen, ouni am Geréngste matzeschaffen.

Am Kontext vun den aktuellen Delegatiounswalen am Gemengesecteur stellen mir eis als FGFC kloer virun eis Leit um Terrain. Wat do vu Vertrieder vum OGBL - virun allem um TICE zu Esch, mee net nëmmen do - op d’Tapéit kënnt, ass un Inkompetenz einfach net ze iwwertreffen! Als Kontrahente bei dëse Wale sollte mer eis iwwert déi respektiv Erausfuerderunge, a wéi se ze meeschteren sinn, streiden.

Wat geschitt awer um Terrain : Membere vum OGBL leeën illusoresch Fuerderungen op den Dësch a verspriechen de KolleegInnen dat Blot vum Himmel. Doriwwer eraus ginn eis Leit attackéiert, grad well si argumentativ d’Kompetenzen hunn, sech mam Patron un en Dësch ze setzen, a konkret Léisunge fir d’ganzt Personal auszeschaffen.

Do gëtt eis dach net wierklech als FGFC virgeheit mir géifen eis innerhalb vun eiser Campagne “Wéi geet et?” Zitat : “matt Lifestyle-Themen” ausernee setzen, an dobäi deenen eigentlechen Aufgabe vun enger Gewerkschaft net gerecht ginn.

Abee, KolleegInne vum OGBL, als FGFC sti mir fir kommunal Identitéit, Proaktivitéit a Participatioun. D’Aufgaben an d’Roll vun enger Gewerkschaft hu sech iwwert déi lescht Joerzéngten zesummen mat eiser Gesellschaft weiderentwéckelt. Just dir als OGBL sidd stoen bliwwen a sidd just nach dofir dogéint ze sinn!

Eent steet fest : Eis Geschicht an eis Basis ass de Gemengesecteur, dat ass eis Expertise. Dir als OGBL hutt weder d’Kompetenzen nach d’Kontakter innerhalb vum Gemengesecteur fir hei eppes ze erreechen. Dofir “Schuster, bleib bei deinen Leisten”, mir maachen dat op alle Fall.

Wiel deng FGFC Delegéiert, wiel Kompetenz!

Matgedeelt vum FGFC Bureau exécutif élargi