Portrait vum Tom Leick-Burns, Direkter vun de Stater Theateren a stolze Familljepapp
Am Februar 2015 ass den Tom Leick-Burns zum neien Direkter vum Grand Théâtre a vum Kapuzinertheater ernannt ginn, déi säit 2011 vun enger Direktioun geféiert ginn. Domat remplacéiert hien de Frank Feitler, un deem senger Säit hie schonns 10 Joer viru senger Promotioun an der Administratioun geschafft huet. Hien huet eis am Interview net nëmmen en Abléck an d’Defie vu senger Aarbecht ginn, mee och a seng perséinlech Welt als Mann vun haut, deem et wichteg ass, säi Gléck als Familljepapp am Kader vun engem gläichgeschlechtleche Bestietnes auszedrécken.
Här Leick-Burns, Dir hutt Iech am Juli 2015 offiziell Ärer Tâche als Direkter vun de Stater Theateren ugeholl. Wéi geet et Iech perséinlech mat dëser neier Erausfuerderung ?
Ech fille mech op jiddefall mëttlerweil méi sécher. Och wann ech dem Frank schonns laang zur Säit stoung, souz ech och als Produktiounsleeder dach meeschtens um Bäifuerersëtz. All déi verschidde Volet’en, déi an esou enger Positioun dozougehéieren, si schonn impressionnant. Als gréissten Theater zu Lëtzebuerg hu mir eng Verantwortung géigeniwwer vum Publikum, awer och géigeniwwer vum Kënschtler. Mir sinn ee vun deene gréissten Employeure wat d’Schauspiller an aner kultur- an theaterschaffend Kënschtler ugeet an als ehemolege Schauspiller läit mer vill drun, d’Professionaliséierung vum Secteur virunzedreiwen. Et war mer och wichteg, nei Akzenter ze setzen an deelweis Changementer ze man, woufir ech déi éischt Saison a menger Tâche notze wollt. Mir hu ganz vill nei Impulser gesat an elo gëllt et, dat weiderzeféieren. T’ass sécherlech eng Erausfuerderung, mee och e ganz faszinante Prozess, dee vill Zäit, vill Konzentratioun an eng gutt Zesummenaarbecht mat der Equipe verlaangt.
Wéi gesinn déi nei Impulser aus, déi duerch Iech an den Theater kommen?
Alles, wat ech mer fir d’Zukunft vum Haus virgeholl hunn, ass am Fong eng logesch Weiderentwécklung vun deem, wat de Frank ugefaangen huet. Et ass wichteg, datt säi Sënn fir den Accueil an de Respekt weidergedroe gëtt. Dëst Haus huet eng Séil, d’Kënschtler fillen sech bei eis gutt opgehuewen, well de Betrib mat vill Wäermt an Häerzlechkeet bedriwwe gëtt. De kollaborativen Aspekt mat aneren Haiser soll och weider ausgebaut ginn. Et soll en Echange stattfannen, wouduerch den Theater zu Lëtzebuerg soll beräichert ginn, dat ass mer immens wichteg. Eis Kënschtler sollen duerch eis Projet’en international integréiert ginn an Erfahrunge sammele kënnen. Ech wëll jonk Leit encouragéieren, e Beruff am Theaterberäich ze consideréieren, well et gëtt haut ganz aner Méiglechkeet wéi deemools, wéi ech dee Wee ageschloen hunn. Net nëmme Schauspiller si gefrot, mee och Bühnebildner, Regisseuren, Kostümbildner, Beliichter... Mir brauche Leit mat spezifesche Kompetenzen, wat eis Erausfuerderung fir d’Zukunft wäert ginn, well de Secteur sech ëmmer weiderentwéckelt.
Wéi kann ee sech den Alldag vun engem Theaterdirekter virstellen ?
Hannert deem, wat een no bausse gesäit gëtt et onheemlech vill ze geréiere wat d’Personal oder de Budget betrëfft. D’Programmatioun ass u sech dat, fir dat am mannsten Zäit bleift. Et dierf een och net vergiessen, dass d’Stater Theateren e politesche Patron hunn, wat eng ganz Rei vu Responsabilitéiten an Aufgabe mat sech bréngt. Wann et em organisatoresch Ëmstrukturéierungen oder em d’Ëmsetze vun neien Iddie geet, sinn eng Rei Prozeduren ze berécksiichtegen. Dëst bréngt en enke Kontakt mat deenen anere Servicer mat sech a mir si frou iwwert déi gutt Zesummenaarbecht an och doriwwer, datt mer ëmmer op d’Ënnerstëtzung vun der Gemeng ziele kënnen. Et gëllt d’Leit vun enger Visioun, engem Projet ze iwwerzeegen an dat hëlt och Zäit an Usproch. Vill Zäit verbréngen ech och mat Telefonsgespréicher oder Mailverkéier mat Regisseuren an a Reuniounen, wou mer all zesumme kucken, wou mer an deene verschiddene Projet’en dru sinn. Da wëll ech natierlech och mol bei Prouwen dobäi sinn, well d’Evolutioun vun engem Stéck mech interesséiert...En zentralen Aspekt vun der Aarbecht am Theater ass dann och, dass een net nëmmen zu Büroszäiten, mee och da schafft, wann d’Leit d’Virstellunge kucke kommen, spréch owes, de Weekend a Feierdeeg.
Dir waart fir d’éischt op der Bühn aktiv, virundeems Dir Iech méi ronderëm d’Bühn engagéiert hutt. Wat si fir Iech d’Virzich vu béide Beräicher?
D’Méiglechkeet, sech op der Bühn auszedrécken, d’Opreegung virun enger Virstellung an den Applaus duerno, dat huet een natierlech nëmme wann een op der Bühn steet an ech géing léie wann ech géing behaapten, datt mer dat net heiansdo feelt. Mee et muss een awer och soen: Als Direkter hunn ech vill méi eng grouss kreativ Bandbreet, wéi als Schauspiller. Ech ka Projet’e selwer op d’Bee setzen an Initiativen ergräifen. D’Schauspillerei ass zum Deel eng eege Verwierklechung, déi engem schonn eppes gëtt, mee ech sinn och en Idealist, a wann ech gesinn, wat ech hei ka verwierklechen, ass et der wäert. Wann ech gesinn, wéi d’Leit glécklech aus dem Theater ginn, well ee Projet, an deen eis Equipe vill Aarbecht investéiert huet, e Succès ass, ass dat eng Satisfaktioun op engem ganz aneren Niveau.
Wéi wäit spillt d’Publikum eng Roll, wann et em nei Projet’e geet?
D’Publikum spillt eng ganz wichteg Roll. Mir wëllen de Leit Freed man, hinnen eppes Neies ze entdecke ginn, se zum Nodenken bewegen... Mir hunn och eng wichteg sozial Roll an ech sinn e ganz engagéierte Mënsch an där Hinsicht. Et ass net mäin Job hei, mech selwer kënschtleresch ze verwierklechen, dorëms geet et guer net. Et gëtt kee Stéck gespillt, dat net am Interêt vum Publikum konzipéiert ass an et ass mer wichteg, mat ganz ënnerschiddleche Projet’en och ganz verschidde Leit unzeschwätzen. Ech wëll den Theater opmaache fir jiddereen. D’Qualitéit ass dobäi nach ëmmer dee wichtegste Kritär, och wann et ëm populär Stécker geet, bei deenen de Fokus um Entertainment läit. Um Bols ze si vun der Zäit, ze erkenne, wat grad gefrot ass bei engem Publikum, dat mat 70% Net-Lëtzebuerger an der Stad esou villschichteg ass, ass wichteg, et dierf awer och net den eenzege Kritär sinn. Et muss een ëmmer d’Identitéit vum Haus am Bléck behalen a Stécker spillen, déi wichteg a relevant sinn, och wann se manner Leit uschwätzen.
Wéi wichteg si fir Iech aktuell Themen am Theater, a wéi wichteg ass et op där anerer Säit, eben dëser Realitéit am Theater entfléien ze kënnen?
Wann den Theater e Spigel vun der Gesellschaft soll sinn, wéi en ursprénglech vun de Griiche konzipéiert gouf, dann ass en haut ëmsou méi wichteg an där Roll. Kierzlech koum de „Brexit”, elo ass den Donald Trump un der Muecht... Mir liewen a ganz komplexen, geféierlechen Zäiten an eng Missioun vum Theater ass natierlech ze vermëttelen, d’Leit dozou ze bewegen, sech domat ausenanerzesetzen. Den Theater soll Froen opwerfen an e Schlëssel zu engem bessere Verständnis sinn, fir op deem Wee mat enger Realitéit ëmgoen ze kënnen, déi net sou einfach ass. Op där anerer Säit ass et keen Zoufall, dass grad an dësen Zäite Broadway-Produktiounen a liicht Spektakelen am beschte fonctionnéieren, well dee Fluchtaspekt de Leit och wichteg ass, an e Bedürfnis ass. Mir mussen d’Balance halen an op béides agoen.
Wat mécht fir Iech de Reiz vum Theater aus?
D’Leit sichen ëmmer méi dee mënschleche Kontakt, déi Emotiounen. De Live-Impakt vun enger Danzopféierung, enger Oper, ass einfach eppes anescht wéi virun enger Leinwand, engem Ecran oder engem Computer ze sëtzen. Et ass de Reiz, eppes Eemoleges ze erliewen, wat just dee Moment stattfënd. Du muss dobäi gewiescht sinn, et ass keng Virstellung wéi déi aner. Och wann et mëttlerweil am Trend ass, Theateropféierungen am Kino ze weisen, sëtzt een nëmme virun engem Ecran, an et gi bis elo keng Zuelen, déi beleeë géifen, dass sech deen Trend negativ op d’Theaterhaiser auswierkt.
Dir sidd berufflech a privat en immens engagéierten an zilstriewege Mënsch. Dir stitt och selbstbewosst am Liewen a sidd am März 2015 mat Ärem laangjärege Partner bestuet ginn. Wéi wichteg ass et Iech demno, op d’Thematik vun Toleranz a Gläichberechtegung opmierksam ze maachen?
Et ass mer ganz wichteg. Mäi Mann an ech profitéieren haut dovun, dass virun eis vill Leit ugefaangen hunn, manner konservativ ze denken, sou dass et eis méiglech war, eis ze bestueden. Et ass mer dofir och wichteg, mäi Mann a mäin Nonumm ze integréieren. Haut heeschen ech Tom Leick-Burns. Am Numm gewënnt fir mech d’Evolutioun, déi ech säit der Zäit duerchlaf hunn, wéi ech de Schauspiller Tom Leick war, en Ausdrock, an dat wëll ech och no bausse weisen, well et zu mir gehéiert. Mir hunn och elo Kanner zesummen, Zwillingen, déi deen Numm droen.
Wéi eng Roll spillen Är Kanner an Ärem Liewen?
2015 sinn ech net nëmmen Direkter, mee och Papp ginn, wat nach eng aner Envergure mam Jongléiere vu Responsabilitéite mat sech bréngt, an ech si stolz drop, dass mer dat esou hikréien. Mäi Mann schafft vun doheem aus, wat deelweis hëlleft. Et war dat éischt Joer net einfach, mee op déi aner Manéier huet et mer och en Ausgläich ginn, deen een einfach brauch. Meng Famill gëtt mer immens vill. Wann ech no engem ustrengenden Dag heem kommen an déi zwee Kleng ruffe „Papa!“ da kann ech nees erofkommen a Villes relativéieren. Mat deene villen Erausfuerderungen, déi mam Theater verbonne sinn, dem Drock virun enger Virstellung an der Aarbecht mat de Kënschtler, wou et oft Imprevuen a vill laang Deeg gëtt, kann d’Temperatur heinsdo schnell an d’Luucht goen. An esou Momenter muss een déif Loft huelen a sech soen, dass mir net an der Urgence vun enger Klinik schaffen, mee an engem Theater, wou eis Missioun ass, d’Leit ze beräicheren an ze begeeschteren. Et muss een sech heiansdo dorun erënneren, an do si Kanner immens wichteg. Meng Meedercher sinn eng enorm Beräicherung a mengem Liewen.
Wéi gesinn d’rechtlech Contrainten aus, wann een als gläichgeschlechtlech Koppel eng Famill grënnt?
Mir haten eng Mère-Porteuse an Amerika well mer eis bewosst waren, dass eng Adoptioun ganz schwéier géif ginn a wahrscheinlech vill ze laang géif daueren. Et sinn eis Kanner, mir sinn d’Elteren a mir hunn en Acte de Naissance, wou dat dropsteet. Mee si sinn Amerikanerinnen a mir kréien am Moment nach keng Lëtzebuergesch Pabeiere fir si, well et hei am Land nach net méiglech ass, eng Transkriptioun vun deem Acte ze maachen an zwee Pappe fir ee Kand anzedroen. De Parquet refuséiert déi Transkriptioun bis elo, mee am Kader vum Projet vun deem neie Filiatiounsgesetz gouf eng Kommissioun an d’Liewe geruff, déi am Moment och iwwert déi Froen débattéiert. Et ass fir eis natierlech immens wichteg, dass hei am Interêt vum Kand gehandelt gëtt an datt mer d’Transkriptioun vun deenen Acte kënne maachen. Nëmmen esou kënnen eis Meedercher hei komplett gläichberechtegt opwuessen. Ech sinn en zilstriewegen awer och en optimistësche Mënsch an ech gleewen drun, dass dat alles gutt ausgeet.
Plus d'infos: www.theatres.lu
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
Dossier "SIGI"
Seit vielen Jahren prangern wir als FGFC sowohl die politischen wie auch die geschäftsführenden Zustände innerhalb des kommunalen Syndikates SIGI an.
FGFC Vision politique
D’FGFC steet fir kommunal Identitéit, Proaktivitéit a Participatioun. D'Membere vum FGFC-Bureau exécutif élargi stellen hir Vision politique vir.
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
FGFC- Campagne "Wéi geet et ?"
Le but de cette campagne est de sensibiliser les personnes travaillant au sein de la Fonction publique communale sur les risques psychosociaux et leurs conséquences sur la santé des agents.