Nodeems mir beim 1. Confinement viru komplett neie Situatiounen stungen, ginn et elo beim 2.Confinement leider ëmmer nach kommunal Patronen, déi scheinbar näischt aus den Erfahrunge vum Fréjoer geléiert hunn. Anescht ass et net ze verstoen, dass aktuell erëm illegal Decisiounen a Punkto Congé zum Nodeel vum Personal geholl solle ginn.
Aktuell ginn ënner anerem, d’Schoulen souwéi all Strukturen fir den Encadrement vun de Kanner (Crèchen, Maison Relais…) vum 26. Dezember 2020 bis den 10. Januar 2021, offiziell zougemaach. Mir weisen eis Patroen drop hinn, dass dat automatesch eng Dispense de service oder Télétravail fir dat betraffend Personal bedeit. Op kee Fall kënnen eis Leit forcéiert ginn, Congé ze huelen – dëst ass illegal!
Hei nach ee Mol d’Fakten zum Congé de récréation / Dispense de service
Desweideren besteet d’Méiglechkeet, falls d’Aarbecht dat erlabt, d’Personal am Télétravail schaffen ze loossen. Detailer sinn am Circulaire N°3012 vum Ministère de l’Intérieur nozeliesen. Hei de Link op eis News zu dësem Thema
Mir als FGFC bieden eis Patroen ëm Kulanz beim Ëmgang mam Reschtcongé 2020. Et besteet d’Méiglechkeet, de verbleiwende Congé op den CET ze setzen.
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
Dossier "SIGI"
Seit vielen Jahren prangern wir als FGFC sowohl die politischen wie auch die geschäftsführenden Zustände innerhalb des kommunalen Syndikates SIGI an.
FGFC Vision politique
D’FGFC steet fir kommunal Identitéit, Proaktivitéit a Participatioun. D'Membere vum FGFC-Bureau exécutif élargi stellen hir Vision politique vir.
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
FGFC- Campagne "Wéi geet et ?"
Le but de cette campagne est de sensibiliser les personnes travaillant au sein de la Fonction publique communale sur les risques psychosociaux et leurs conséquences sur la santé des agents.