congéfam_corona

Info: Congé pour raisons familiales


Limitéiert op den Zäitraum vum Méinden, 30. Mäerz bis zum 19. Abrëll 2020 kann een ënner gewësse Konditiounen, Congé pour raisons familiales nei ufroen!

D‘Konditioune sinn:

  • d‘Kand dierf net méi wéi 13 Joer hunn
  • déi zwee Elterendeeler dierfen net gläichzäiteg dëse Spezialcongé ufroen
  • wann een Elterendeel am « chômage partiel » ass, huet deen aner Elterendeel keen Urecht op de Spezialcongé

Et muss een am Virfeld säi Patron via Telefon oder Email informéieren. Fir dat gesamt Gemengepersonal gëllt deen neie Formulaire vun der CNS. Dëse Formular ass engem Krankeschäin gläichgestallt – soumat gëllen och all d‘Bestëmmungen, déi an engem Congé pour raisons de santé bindend sinn.

Et ginn zwou Méiglechkeeten de Formulaire auszefëllen:

  1. Ausprinten, ausfëllen, manuell ënnerschreiwen, ascannen a mailen, respektiv den Original mat der Post verschécken
  2. Elektronesch am Adobe Reader ausfëllen, digital mat Luxtrust oder smartcard ënnerschreiwen a via Mail verschécken

All Fonctionnaire an Employé communal, schéckt dëse Formular JUST un de Schäfferot vu senger Gemeng, respektiv un de Bureau vun sengem Syndicat intercommunal.

Fir all Salarié (tâche manuelle & intellectuelle) gëllt déi selwecht Prozedur. EN PLUS muss de Formulaire via Email un cns-crf@secu.lu respektiv per Courrier op folgend Adress geschéckt ginn: CNS - Indemnités pécuniaires L-2980 Luxembourg

WICHTEG: jiddereen, deen elo ab dem Méindeg dem 30. Mäerz dëse Spezialcongé an Usproch huele wëll - muss eng nei Demande mat deem neie Formular maachen!


FGFC-Recommandatioun

Mir als FGFC vertrieden de Standpunkt, dass primär de garantéierten Encadrement vum Kand Prioritéit muss hunn. Mir erwaarden eis dofir eng gewësse Flexibilitéit bei der Demande vun dësem Spezialcongé – dëst souwuel op Säite vum Patron, wéi och beim Personal.

Zéckt net eise Conseilleren unzeruffen – si beroden Iech individuell a stinn Iech mat Rot an Dot zur Säit.