CORONA_FGFC

#bleiftdoheem eng gemeinsam Erausfuederung


An der aktueller Krisesituatioun leescht eis Regierung eng gutt Aarbecht. Et läit un eis all, verantwortungsvoll an ouni Ausnam déi offiziell Consignen ze befollegen #bleiftdoheem !

Als FGFC drécke mir allen aktuell schaffende Leit eisen déiwe Respekt aus. Dat gëllt fir déi oft net esou gutt bezuelten Leit aus dem Privatsecteur, déi elo d’Staang riicht halen. Och eis Leit, sief et bei Staat a Gemengen, stinn hier Fra respektiv hire Mann, wann et ëm de Fonctionnement vum Staat a vun de Gemengen geet. Si all garantéieren esou all déi néideg Servicer fir datt eis Gesellschaft weiderhi funktionéiere kann.

Mir sinn a Kontakt mat eise Personaldelegatiounen an eis Conseiller si permanent fir si, souwéi all eis Memberen, op Ecoute fir jeglech Froen oder Hëllefstellung – sief dat professionneller oder perséinlecher Natur.

Nëmmen zesummen a #bleiftdoheem !