CHFEP_FGFC

Sozialwalen a Krisenzäiten – schwéier méiglech!


Betreffend d’Walen fir d‘Chambre des Fonctionnaires et Employés publics, ass et leider e Fakt, dass d‘Regierung entscheed huet, dass déi Walen elo mussen ofgehale ginn. 5 Joer laang zielen deemno d‘Resultater vun dëse Sozialwalen. Net nëmme fir d’FGFC steet oder fällt domat hirt alldeeglecht Fonctionnement an hir sektoriell Representativitéit.

Mir all hunn eis Gedanken elo bei der Pandemie-Kriis. Mir verstinn och, déi zemools an de soziale Medien geäussert Kritik, wat dat elo soll?! No méintelaange Preparatiounen fällt eis Walcampagne halt genau op dës Zäit.

No dëser Kris kënnt et allerdings sécherlech zu ville Verännerungen, déi och eise Secteur betreffe wäerten. Mir iwwerhuelen hei gäre Verantwortung, mee dofir brauche mir eng offiziell Legitimitéit – déi da vum Resultat vun dëse Walen ofhängt!

Dofir gëllt, trotz der aktueller Krise-Situatioun – a souwäit et engem méiglech ass – de kloeren Opuff vum Walrecht gebrauch ze maachen:

Kräiz d’Lëscht vun der FGFC - Lëscht 7 un
oder verdeel deng 10 Stëmmen op eis Kandidaten

a gehei de Walziedel an eng Bréifkëscht.

Merci fir Äert Vertrauen a Versteesdemech