ouni1

Nei zu Lëtzebuerg: d’Epicerie ouni Verpackungen


Ugefaangen huet alles mat engem Opruff op Facebook. „Ween huet es och sat mat dem Plastiksoffall an der Supermarchéen? Wee wëll eppes änneren?”, schreift d’Patricia Tompers. 2 Joer drop mécht de Liewensmëttelbuttek OUNI, a Form vun enger Cooperative mat 600 Memberen, seng Dieren op. Wéi ass dat zustane komm? D’Grënnungsmember Caroline Lam  erkläert déi ongewéinlech Geschicht hannendrun.

„Mir wollten eppes bewegen!”

Zu Lëtzebuerg ginn an engem Joer 540 Tonnen Offall generéiert (Stand 2014), dovunner ass en Drëttel Verpackungsmaterial. Amplaz sech iwwert d’Alternativlosegkeet opzereegen, hunn déi siwe Grënnungsmemberen  decidéiert, selwer eppes op d’Been ze stellen. „Mir haten es sat mat sënnlose Bierger u Plastikverpackungen an de Supermarchéen a wollte beweisen, dass et och anescht geet”, esou d’Caroline Lam. Zwee Joer drop ass de Buttek OUNI Realitéit. De lëtzebuergeschen Numm steet awer net nëmme fir hier Philosophie. OUNI ass déi englesch Ofkierzung fir „Organic Unpackaged Natural Ingredients”. „Am Ufank huet een eng Iddi, awer et weess een net, ob aner Leit d’selwecht denken. Wann de Steen da bis am Rullen ass, gesäit een, wéi vill Leit déi Astellung deelen. Deene brennt et genee esou an de Fanger, se wëllen och eppes änneren.” Haut ginn et iwwer 600 Membere vun OUNI. Dobäi kommen nach Clienten, déi net Member vun der Cooperative sinn, awer bewosst bei OUNI akafe kommen. De Liewensmëttel-buttek ass oppe fir jiddereen. D’Konzept ass séier erkläert: OUNI ass eng ëmweltfrëndlech Alternativ zu konventionelle Supermarchéen. De Verbraucher ka Liewensmëttel nohalteg an ouni iwwerflësseg Verpackungen akafen. D’Clienteë kënnen hir eege Behälter matbréngen an se mat lassene Liewensmëttel fëllen, genee esou vill, wéi se brauchen. Et gëtt just d’Fëllgewiicht gerechent. D’Liewensmëttel sinn aus ökologescher Landwirtschaft, esou gutt et geet lokal a Fairtrade. Aus hygienesche Grënn ginn et verschidde Wueren am Glas mat Vidange ze kafen. No Waste, also komplett ouni Offall, kann de Buttek aus praktesche Grënn net sinn. Mee den Usproch ass do, duerch déi ganz Produktiouns- a Liwwerungsketten esou wéineg wei méiglech Verpackungen ze brauchen. D’Liwwerunge sinn ëmweltfrëndlech verpaakt a ginn a grousse Quantitéiten zesumme geluecht. Wat  net méi ka verwäert ginn, gëtt recycléiert. Esou kann och e Mentalitéitswiessel bei de Produzenten an de Fournisseure stattfannen.

„Mir hu méi Muecht op den Handel, ewéi mer mengen”

„Grad am Ufank huet een och kritesch Stëmmen héieren. D’Leit waren awer éischter besuergt em d’Kohärenz an der Ëmsetzung vum Projet, wéi dass se d’Iddi selwer a Fro gestalt hätten.” Dass d’Cooperative elo operationell ass, an déi néideg Fonge gesammelt huet, ass Beweis genuch, dass de Mentalitéitswiessel bei engem Deel vun de Konsu-menten ukomm ass. „D’Finanzéierungszil vun 180.000 € war eis gréissten Hürd. Mee wéi mer bis op den Informatiounsversammlungen eist Konzept virgestallt hunn, war de Sall ze kleng, fir den Undrang  vun de Leit ze bewältegen. D’Leit wollten agebonne sinn an hunn immens vill Froe gestallt.” Eng gutt Portioun Vertrauen an d’Iddi vun engem verpackungsfräie Konsum souwéi Duerchhalverméige waren d’Erfollegsrezept, mat dem si iwwer 600 Leit iwwerzeegt hunn, fir an d’Cooperative ze investéieren. Esou konnt dat néidegt Kapital erreecht ginn. De 14. Dezember d’lescht Joer sinn d’Dieren dunn an der Glesener Strooss an der Staat opgaangen. Dass en allgemengen Interessi um Konzept do ass, weisen déi ronn 60 Butteker ouni Verpackungen uechtert ganz Europa. Mee et ginn och Problemer bei engem System, dee vill op fräiwëlleg Memberen zielt. D’Bestännegkeet ass am Benevolat net ëmmer geséchert, och wann d’Leit sech Méi ginn, zouverlässeg ze sinn, an den Tosch vun de Schichten ënnert sech organiséieren. D’Equipe an de Buttek sinn nach am Rodage. Wann eenzel Liewensmëttel feelen, da läit et dorunner, dass dee Moment eng Persoun feelt, déi den Iwwerbléck iwwert all d’Liwwerungen an de Stock huet. Dofir sicht d’Equipe och aktuell no engem neie Gerant, fir esou séier wei méiglech eng Konstant an de Buttek eran ze kréien. Mat 500 Produiten ass OUNI och éischter komplementar zu de konventionelle Butteker ze verstoen, vue dass nëmmen eng reduzéiert Quantitéit u Liewensmëttel ugebuede gëtt. Laangfristeg soll d’Sortiment dann op 1000 Produite wuessen.

Ëmdenken an anescht Handelen

OUNI ass a viller Hinsicht onkonventionell. D’Akafe verlaangt e Virausdenken, well een seng eege Behälter matbrénge soll, och wann op der Plaz Alternativen ugebuede ginn. „Mee ofgeschreckt huet dat bis elo déi mannst”, erzielt d’Caroline.  Villäicht grad, well d’Epicerie hir Zilgrupp an hir Nische fonnt huet. Wou d’Leit gefillt der Zäit hannendru lafen, wou Online-Shopping oder Drive-in-Supermarchéen Alldag sinn, mécht OUNI genee de Géigendeel. Ee Konzept steet bei hinnen am Virdergrond: dem Konsument Entscheedungsfräiheet zréckginn. Dofir hunn se sech och bewosst fir d’Gesellschaftsform vun enger Cooperative entscheet. Eng Cooperative gehéiert komplett de Memberen a gëtt och vun hinne geréiert. „Eist Zil ass et, en demokrateschen Entscheedungsprozess ze liewen, deem et all Member erlaabt, eng Stëmm an domat och Afloss op de Fonctionnement vun der Cooperative  ze huelen.” An dat schéngt d’Leit unzezéien. Méi agebonnen ze ginn, sech dierfen abréngen amplaz stëlle Konsument ze sinn. D’Hallschent vun den iwwer 600 Membere si sougenannten aktiv Memberen, dat heescht, si investéieren op mannst  2 Stonnen de Mount an de Projet. Dësen Engagement ëmfaasst Aarbechte wéi d’Containeren opzefëllen, Clienten ze beroden oder inhaltlech an Aarbechtsgruppen ze schaffen. No enger interner Formatioun, déi och d’Hygiène ëmfaasst, ka jiddereen eng Hand mat upaken. D’Gemeinschaftsgefill gëtt grouss geschriwwen. D’Cooperative geet bewosst iwwert d’Verkafe vu Wueren eraus:  Hëllefsstellung beim Vermeide vun Offall, Ateliere, wou ee selwer Kosmetik hierstellt, Bichervirstellungen oder Sensibiliséierung zu Ëmwelttheme gehéieren zum Konzept dozou. Hei kann ee praktesch léieren, méi nohalteg ze liewen. Villäicht huet OUNI et gepackt, zu Lëtzebuerg e Mentalitéitswiessel unzestoussen, a souguer gréisser Supermarchéschaînen ze inspiréieren, méi am Lassenen ze verkafen. Datt de Konsument bereet ass, e bësse méi Opwand op sech ze huelen, beweist de klenge Buttek op alle Fall.

Plus d'infos: www.ouni.lu