FGFC - Job Offer

Fir eis Servicer um Member weider auszebauen, siche mir nach eng motivéiert Persoun fir eis Equipe z'ënnerstëtzen.
Weider Informatiounen zu deem ausgeschriwwene Posten fënns du am Aide Mémoire hei drënner.
Haapt-Missiounen
- Interesse-Vertriedung vum Gemengepersonal bei de Gemengen, Syndikater an offizielle Gremien
- Enkt Zesummeschaffen mat eise Personaldelegatiounen a Beruffsverbänn
- Organisatioun, Kommunikatioun a Koordinatioun – digital a live
- Hëllef bei eisen Eventer an Aktiounen – wann’s de zoupake kanns, hues de hei Spaass
- Selbstorganisatioun a Verantwortung: du plangs, du decidéiers an dierfs matgestalten
Däi Profill
- Grondkenntnisser vun der gesetzlecher Basis am Gemengesecteur
- Praktesch Verständnis fir d’Realitéit vum kommunale Beruffsliewen
- Erfarung an Interessi um Personalmanagement
- Erfahrung mat de gängege Programmer wéi zb. Word, Excel, Outlook an Teams.
- Oppenheet fir modern digital Méiglechkeeten.
- Teamgeescht – mir schaffen zesummen, mir stinn zesummen
- Motivatioun, net just eng “Aarbecht”, mee eng Missioun ze maachen
Scheck eis deng Lettre de motivation an däin Cv bis spéitestens den 01.11.2025 op jobs@fgfc.lu
Mir freeën eis op deng Kandidatur