FGFC_prestations

Braucht Dir Hëllef bei Ärer Steiererklärung?


Jidderee kënnt de Formular fir Steiererklärung awer net jiddereen deet sech liicht dësen auszefëllen. Bis den 31. Dezember muss all Steiererklärung um Steierbüro sinn - fir en FGFC-Member kee Problem. D‘FGFC bitt Iech eng individuell a professionell Berodung vun engem Comptabel mat 15 Joer Erfarung un, deen Iech beim Ausfëlle vun Ärer Steiererklärung zur Säit steet.

All interesséiert Membere sinn invitéiert eist Sekretariat op der Telefonsnummer 407720-1 vu Méindes bis Freides vun 8 bis 12 Auer a vu 14 bis 17 Auer ze kontaktéieren, oder eng E-Mail direkt un de Romain Keiser op impots@fgfc.lu ze schécken.

Fir d’Prozedur ze optimiséieren, biede mir Iech, Kopie vu folgenden Dokumenter virzebereeden:


  • Zertifikat vun Ärem Akommes an /oder Ärer Pensioun    
  • Zertifikat vun Ären Assurancen
  • Zertifikat vun Äre Prêten 
  • Zertifikat vun Ärer Altersversécherung 
  • Fir Locatiounsakommes : Donnéeën zu de fixe Käschten
  • Immobilieverkaf
  • Kaf vun enger Haaptresidenz: Kafakt, Rechnung vum Nottär,
  • Reschtscholdversécherung

Natierlech stinn och eis FGFC-Prestatairen,, Raiffeisen & Baloise eise Membere mat hire jeeweileger Berodungen fir Steieroptimiséierung tatkräfteg zur Säit.

De Präis vu 55€ fir eng eenzel Persoun mat engem Akommes, 80€ fir bestuete Koppele mat engem oder zwee Akommes, beinhalt d’komplett Virbereedung vun der Steiererklärung an e Reklamatiounsbréif am Fall  vun enger Kontestatioun zum Decompte vum Steieramt.

D’FGFC iwwerhëlt all Supplement fir säi Member wzb bei engem Immobilieverkaf oder aner Sonderpositiounen.

Nodréiglech telefonesch Informatiounen an eng professionell Berodung zu deene spezifesche Positioune vun Ärer Steiererklärung si selbstverständlech gratis.