D‘FGFC bitt spezifesch Formatioune fir hir Delegéiert un
Sief et um psychologeschen, dem administrativen oder dem kommunikative Volet, all Delegéiert(e) gëtt professionell ausgebilt
Eng professionell a passionnéiert Approche, fir de Kolleg(inn)en ze hëllefen.
Axe - Formatioun
Zwee Modullen, déi praxisorientéiert a konkret op d’Besoine vun de Personaldelegatiounen ausgeschafft sinn, an dem Delegéierte seng professionnell a perséinlech Kompetenze fördere sollen. All Formatioune gi vu professionnelle Leit ofgehalen (fgfc-intern an extern)
Module « Professionnel »
- Missiounen (fakultativ an obligatoire) souwéi Funktionnement vun enger Delegatioun
- Gesetzgebung a Reglementatioune betreffend dem Personal säi Statut a Régime
Module « Personnel »
- « Conseil écoute & soutien » bezitt sech op psychologesch Schwieregkeeten, mat deenen een am Gespréich mam Personal konfrontéiert gëtt, respektiv déi een am allgemengen um Terrain begéine kann (Harcèlement, Stress, Konflikter…)
- Verhandlungs- a Kommunikatiounstechniken souwéi internen/ perséinleche Coaching/ Teambuilding
Axe - Kommunikatioun
Zwee Modullen, déi engersäits vun der FGFC initiéiert ginn an anersäits um Terrain selwer stattfannen, an a béide Fäll vun der FGFC-Administratioun professionnell begleed ginn.
Module « Proactif »
- Campagnen, déi vun der FGFC lancéiert ginn a sech un dat gesamt Personal riichten, an am Zesummewierke mat de Personaldelegatioune promouvéiert ginn (Affichen, Vidéoclipen, Interviewen, sozial Netzwierker…)
- Newsletteren (aktuell Sujeten, Ännerungen an der Gesetzgebung, Reglementatiounen…), an zur Verfügungstellung vun Dokumentatiounen (Avisen, praktesch Erklärungen, FAQ…)
Module « Actif »
- Mat engem Flyer « Opgepasst-Delegatioun » kënne Sujeten/ Dossieren/ Problemer/ Projeten… individuel op eng eenzel oder méi Delegatiounen ugepasst ginn an esou d‘Personal informéiert ginn
- Zur Verfügungstellung vun enger Kontaktlëscht vun allen FGFC-Delegéierten, fir sech ënnerteneen auszetauschen