Aller au contenu principal Passer au pied de page

Wou dréckt de Schong ?

Et ass erëm un der Zäit, wou d'Kanner de Schong fir de Kleesche stellen.  Beim Gemengepersonal stellt sech eng aner Situatioun : « Wou dréckt de Schong ? »

D’FGFC wëll wësse wat seng Membere beschäftegt a wat mir als Exekutiv op eis Agenda 2024 schreiwe sollen.

De Gemengesecteur gëtt dacks an der Ëffentlechkeet plakativ ugeprangert. D’Realitéit um Terrain ass dann awer, ënnernanerem, fënnef Joer Dauer-Reformen, lauter nei Kollektivverträg, Manktem u Kommunikatioun, feelend an adequat Informatikprogrammer, Hiarchiegerangels, Personal- & Zäitmangel...

Wat beschäftegt dech, wat häss du gäre geännert ? Deel eis deng konstruktiv Verbesserungsvirschlag fir de Gemengesecteur mat !

Op Aarbechter, Employé oder Fonctionnaire - am aktivem Déngscht oder pesnionnéiert -  d’FGFC ass fir dat gesamt Gemengepersonal zoustänneg an deng Meenung ass eis wichteg.

D’FGFC garantéiert dir Diskretioun an Anonymitéit ! Schreiw eis op mengmeenung@fgfc.lu