Aller au contenu principal Passer au pied de page

TICE: Reorganisatioun oder Privatiséierung duerch d’Hannerdier

Am Kader vun der Reorganisatioun vum TICE kommen ëmmer méi Detailer un d’Liicht, déi fir Verwonnerung a grousst Mësstraue suergen – net nëmme bei eise Bus-Chauffeuren an dem Personal, mee och bei de Bierger, déi op den ëffentlechen Transport ugewise sinn.


Aus den Aussoe vum Transportministère geet kloer ervir, datt de Schoultransport op Demande vum TICE net méi vum TICE selwer soll gefuer ginn, mee u privat Entreprisen auszelageren. Dat steet am klore Widdersproch zu deem, wat an de Gemengeréit kommunizéiert ginn ass.


Besonnesch onverständlech gëtt dës Decisioun, wann een sech d’Käschte vum Schoultransport iwwer privat Betriber ukuckt. Et stellt sech d’Fro, firwat e kommunale Betrib mat kompetentem a qualifizéiertem Personal dëse Service net méi selwer soll garantéieren – e Service, dee jorelaang gutt funktionéiert huet.


D’FGFC weist zanter Méint op d’Konsequenze vun dëse politeschen Entscheedungen hin. Dobäi kënnt, dass duerch déi massiv Verschlechterunge vun den Aarbechtsbedingungen, den TICE ëmmer méi Leit verléiert. Vill Bus-Chauffeure gesinn sech gezwongen, de Betrib ze verloossen, an dat meeschtens a Richtung vun der Stad Lëtzebuerg hirem Busbetrib; dem AVL. Dëst schwächt net nëmmen de Service, mee bréngt och d’Stabilitéit vum ganze Busnetz a Gefor.


Aus dësem Kontext eraus muss ee leider vun engem politesche Versoen op ganzer Linnschwätzen. Wat hei geschitt, kënnt enger Privatiséierung duerch d’Hannerdier gläich – och wann dës offiziell ofgestridde gëtt.


Besonnesch problematesch bleift dobäi, datt nach wéi vor keng Langzäitstrategie fir de Bussyndikat TICE, wéi en transparent Gesamtkonzept fir de ganzen nationalen Transport virläit. D’FGFC bezweifelt dass déi augenscheinlech « navigation à vue » just eng Taktik ass an den decken Hummer nach komme wäert…


D’FGFC huet engersäits beim Minister eng Conciliatioun mat de Responsabele vum TICE ugefrot, dat betreffend Aarbechtskonditioune vum Personal. Zousätzlech huet d’Gewerkschaft vum Gemengepersonal rezent eng Entrevue mam Transportministère ugefrot, deen an Zukunft de Haaptaktionär vum TICE wäert sinn, fir sech iwwert d’Zukunft vum lëtzebuergesche Mobilitéits- a Transportmodell auszetauschen.


D’FGFC ass kloer an hirer Positioun: Wann den ëffentlechen Transport mat de Steiergelder vun eis all finanzéiert gëtt, da muss en och integral an ëffentlecher a kommunaler Hand bleiwen


Mir als FGFC, eis TICE Lokalsektioun souwéi eis Personaldelegation steet fir e kommunalen Transport deen eng zukunftsfäeg Plaz fanne muss - dat mat eisem Personal ënnert ëffentlechem Statutt a korrekten Aarbechtkonditiounen