Aller au contenu principal Passer au pied de page

TICE Personaldelegatioun gëtt aktiv an d’Planifikatioun vum Reseau mat agebonnen.

Wéinst der aktueller Suerg betreffend d‘Iwwerliewe vum interkommunalen Transport-Syndikat TICE, huet sech d’TICE-Personaldelegatioun mam Vizepremier an Transportminister François Bausch rezent getraff. De gemeinsame Pressecommuniqué hei op Lëtzebuergesch.
 
All Bedeelegt hunn ënnerstrach, datt den TICE eng wichteg Roll bei der Reorganisatioun vum ëffentlechen Transport am Süden spille muss. De Vizepremier huet de Gewerkschaftsvertrieder verséchert, datt weder Aarbechtsplazen ofgebaut géife ginn nach d'Unzuel vun de Kilometer vum Gemengesyndikat reduzéiert géif ginn.
 
Fir zukünfteg nach besser op d’Mobilitéitsbedürfnisser vun der Südregioun anzegoen, missten sech ebe grad dofir, sämtlech Bedeelegt fir eng gréisserer Diskussioun opmaachen. Prinzipiell geet et dorëms e globale Reseau ze planiféiere fir den ëffentlechen Transport esou koherent wéi méiglech z‘entwéckelen, innerhalb deem den TICE en onverzichtbare wichtegen Acteur ass a bleift.
 
Et gouf betount, datt d'Personaldelegatioun an Zukunft aktiv un der Entwécklung vum neie Buskonzept fir d'Süd-Regioun mat agebonne gëtt. D'Konzept kéint esou vun der Expertise vun de Chauffeure profitéieren an Mëssverständnesser kéinten an Zukunft direkt wärend den jeeweilegen Aarbechtssëtzung gekläert ginn.
 
Bis zur kompletter Nei-Zesummesetzung vum TICE-Bureau no de Gemengewalen, huet de Vizepremier proposéiert, en Aarbechtsgrupp ze schafen. Folgend Vertrieder sollen heiranner vertruede sinn: Direktioun vum TICE, Personaldelegatioun, d‘ëffentlech Transportverwaltung, de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte souwéi déi gemengepolitesch Vertrieder déi bis dohinner vun hirer Gemeng schonns confirméiert si ginn.
 
Eng éischt Sitzung gëtt fir September 2023 aberuff. D'Zil ass et, sech bis Enn des Joers iwwer e globaalt Konzept eens ze ginn esou wéi déi zukünfteg Buslinnen ze definéieren, déi vum TICE bedriwwe solle ginn. D’staatlech Participatioun pro TICE-Kilometer, wéi och de Präis pro geschaffte Stonne wäert d’Thema vun engem Gesetzesprojet sinn, dee vun der nächster Regierung op Basis vun engem validéierte Konzept deposéiert misst ginn.
 
Gemeinsame Pressecommuniqué ausgeschafft vun der Regierung
Vun der FGGC op Lëtzebuergësch iwwersat

D’Original op franséisch fannt der am annexéierte PDF.