Aller au contenu principal Passer au pied de page

TICE MATAARBECHTER KRÉIE LAANGJÄREG PRIME, ILLEGAL GESTRACH – POLITIK VERSTOPPT SECH HANNERT FALSCHAUSSOEN AN DEM CONTRÔLE FINANCIER

Enneranerem am Suessemer Gemengerot wéi och an der Press ginn an der lescht Falschinformatioune iwwer d’Ewechfale vun der „prime d'astreinte“ beim TICE verdeelt. Informatioune déi anscheinend aus der Personaldelegatioun komme sollen. Beim TICE steet d'Personalvertriedung majoritär ënnert enger FGFC-Leedung mat 6 vun 8 Sëtz. All FGFC- Delegéierten distanzéiert sech heimadder formell vun deene falschen Aussoen .

Fakt ass, dass 110 Mataarbechter beim TICE déi besote Prime verléieren, déi zanter 1978 un dat ganzt Personal ausbezuelt gouf. D'Mataarbechter goufen ënnert dëse Konditiounen agestallt an hunn hiert Liewen do drop opgebaut. Hei geet et ëm eng pensionabel Primm vun 22 Punkten (aktuell 512,05 € brutto), déi d’Mataarbechter ab November 2024 all Mount verléieren

Et handelt sech och net nëmmen just ëm Mataarbechter aus dem Atelier an der Administratioun. Vun deene ronn 110 Mataarbechter si majoritär Agents de transport betraff – 44 Buschaufferen, déi am Moment krankheets bedéngt reklasséiert sinn. De Statut vun de Gemengebeamte schreift vir, dass dës Primm un d’Karriär gebonnen ass. De Maître Bauler, Affekot vun der FGFC an Expert am Gemengesecteur, bezitt kloer Stellung, dass dëst net rechtens ass.

40 Mataarbechter aus dem Atelier, déi reegelméisseg Nuetsstonnen, Samschdeger, Sonndeger a Feierdeeg schaffen, hunn dës Primm verluer. Fakt ass, dass sech déi Verantwortlech vum TICE ob eng Délibératioun vun 1978 baséiert hunn, déi beseet „pour tout le personnel du TICE“ – also och fir eis Leit am Atelier! Esouguer virun deem Datum sinn all Délibératiounen eenzel accordéiert ginn.

Zousätzlech sinn 26 administrativ Mataarbechter betraff, déi dës Primm zanter Joerzéngte kréien a mat dëser Primm op den TICE gelackelt goufen. Wann net an dësem Fall, wéini soll een da vun engem „droit acquis“ schwätzen?

D’FGFC huet och beim Minister Gloden intervenéiert fir matzedeelen, dass et bedenklech ass, dass säin Finanzcontrôle ronn 45 Joer brauch fir déi anscheinend Illegalitéit festzestellen an et dann och nach keen Dialog gëtt fir eng adaptéiert Léisung ze fannen.

Et ginn och Behaaptungen, et géif keng gesetzlech Basis ginn an dass dës Primm keng Verpflichtung vum Patron wier. Den TICE huet hei seng Hausaufgaben net gemaach an et versäumt ze hannerfroen, wéi mat engem reklasséierte Buschauffer, engem am Schichtdéngscht schaffenden Artisan an dem Verwaltungspersonal ëmzegoen ass – soumat ass deen Avis juridique vun der TICE-Féierung net vollstänneg.

D'FGFC bedauert, dass d'TICE-Féierung sech zu kengem Moment mat deene representative Gewerkschaften um TICE konsertéiert huet. Nodeems d'Mataarbechter offiziell matgedeelt kruten, dass si dës Primm mat effet immédiat géife verléieren, huet d’FGFC sech beim politesche Bureau manifestéiert an d’Urgence mat hirem Affekot ageschallt. An enger éischter Phase huet den Affekot net méi spéit wéi haut e Bréif un de Büro vum TICE adresséiert. An dësem Bréif gëtt den TICE drop higewisen, prozedural Feeler gemaach ze hunn, andeems si sech net un den Artikel 9 vun der PANC-Prozedur (Procédure administrative non contencieuse) gehalen hunn.

Hei geet et ëm de Prinzip an eng FGFC wäert hei bis an déi lescht Instanz goen !! Op Basis vun all deenen Argumenter a Grënn, fuedert d’FGFC den TICE op  dës Primm matt effet immédiat erëm auszebezuelen.

Matgedeelt vum FGFC-TICE