Aller au contenu principal Passer au pied de page

SIGI – grouss Erausfuederungen déi elo pragmatesch ze léise sinn

D’FGFC huet scho méi wéi ee Mol op d’Problemer am SIGI opmierksam gemaach. Mir begréissen, dass elo endlech déi politësch Protectioun vun der Direktioun gebrach ass an déi längst iwwerfälleg Auditen mat erschreckende Fakte bewisen hunn, wat mir säit Joren ugeprangert hunn. An der logescher Konsequenz huet de President vum SIGI Verantwortung iwwerholl an démissionnéiert. Läit et vläicht un deene beviirstoeende Gemegewalen, dass op ee Mol vill vun deene politesch Verantwortlechen am Comité de Kapp anzéien ? Vum aktuellen Direkter an sengem Generol aus der Ressources humaines mol guer net ze schwätzen. Quo vadis SIGI?

Als FGFC wonnere mir eis, dass nom Resultat vun deenen 3 Auditen, nach net jidderengem kloer ze si schéngt, dass direkt muss gehandelt ginn a keng Plaz méi fir politescht Geplänkels ass. Houfreg gouf als Léisung zu alldeem e grousse Renouveau ugekënnegt, dee bis 2028 ëmgesat soll ginn – wéi wann een an daer agreabler Situatioun wier an nach 5 Joer Zäit hätt …

Et ass elo kloer bewisen, dass säit Joeren laanscht de Gemengen hir Besoinen geschafft ginn ass. E Pak Gemengen hu laanscht de SIGI programméiert oder aner Solutiounen akaf. Siginova ass weder dat wat eis Leit brauchen, nach fonktionnéiert et wéi et soll. Gescom an Apsal feelt et u batternéidegen Adaptatiounen déi d’urgence um Terrain gebraucht ginn. Erstaunlech, dass kee Wuert iwwert déi Punkten an engem Rapport steet. 

D‘Personal vum SIGI muss och en Uspriechpartner kréien, deen onofhängeg vu Politik, Direktioun a Parteikaart ass. Des Weidere muss d‘Personal elo ganz séier rassuréiert ginn a kloer Zukunftsperspektiven innerhalb vum Gemengesyndikat garantéiert kréien.

Mir brauchen elo dringend e moderne SIGI deen 

  • eng eenheetlech kommunal Informatiksinfrastruktur op Basis vun existéierende Produkter opbaut, déi sech op kléng, mëttel a grouss Gemengen adaptéiert; 
  • e Service Developpement a Maintenance an Eegeregie garantéiert a keen Outsourcing bedreift; 
  • de spezifesche Besoinen am Gemengesecteur Rechnung dréit, an déi kommunal Informatiksservicer beim Developpement begleed; 
  • e performanten Austausch vun allen Donnéeën tëschent Gemengesecteur, Ministèren an aneren ëffentlechen Institutioune garantéiert - dat an enker Collaboratioun mam CTIE an der Stad Lëtzebuerg; 
  • d’Personal ënnert dem Statut vum Fonctionnaire communal astellt an seng aktuell Salariéen, fonktionnariséiert respektiv an de Régime vum Employlé communal iwwerhëlt; 
  • sech eng kloer informatesch Roadmap gëtt a seng Finanzen transparent offe leet.

Mir brauchen am SIGI Politiker an eng Direktioun mat Fachkompetenz a Versteesdemech fir eise Sekteur; et kann net sinn dass weider eng ëffentlech Institutioun gestionéiert gett just fir e puer Jetonen ze kréien respektiv Milliounen Euroen vun ëffentleche Gelder verschwend ginn. Wou dat um laangen Enn hiféiert, weisen déi 3 Auditen ganz kloer!

D‘FGFC begréisst d’Initiative vum Minister Hansen, fir dem SIGI d’Hand ze reechen an esou eng besser Integratioun vun de Gemengeprogrammer mam Staat unzestriewen an doriwwer eraus eng insgesamt méi enk Zesummenaarbecht unzestriewen. D‘FGFC erwaard vun der neier Feierung vum SIGI, sech intensiv mat deene Proposen auserneen ze setzen. Partnerschaften zum CTIE, Guichet an aneren Institutioune sinn néideg, fir gemeinsam Léisungen ze fannen. Egal wéi elo eng zukünfteg Zesummenaarbecht tëschent Staat an all de Gemengen ausgesäit – et muss elo direkt gehandelt ginn, onofhängeg vu Walen, Parteikaarten oder perséinlechen Interessen! 

Fir d’FGFC ass awer och kloer, dass de Gemengesecteur seng Spezifitéiten huet an deenen och muss Rechnung gedroe ginn. Dofir muss sech elo virrangeg net mat de Politiker zesummegesat ginn, mee mat eise Leit um Terrain. Hei hätt ënneranerem, eis FGFC-AIC, de Groupement d’intérêt vun den Informatiker aus dem Gemengesecteur, déi néideg Kompetenzen an Terrainerfahrung fir matzewierken. Des Weideren erwaarde mir als FGFC, dass bis spéistens Enn Mee 2023 e Plang presentéiert gëtt, wat fir eng Programmer développéiert, respektiv annuléiert ginn a wee fir déi Ëmsetzunge responsabel ass.

D’FGFC präziséiert, dass et hei landeswäit ëm iwwer 1000 Agent(inn)e geet, déi – souwuel op de Gemengen, de Gemengesyndikater an den Offices sociauxen – Léisunge brauchen, fir all Biirger vum Land ze zerwéieren. Et schéngt, dass vill Politiker vergiessen, wat fir en Impakt e méigleche Kollaps vum SIGI fir den deegleche Fonktionnement op de Gemengen bedeite géif. Dëst gëllt et onbedéngt ze vermeiden! 

Matgedeelt vum FGFC Bureau exécutif élargi
Méindeg, 27. Maerz 2023