Aller au contenu principal Passer au pied de page

Revalorisatioun: Enseignement musical

Nodeems d’Reform vum Enseignement musical schon d’läscht Joer gestëmmt ginn ass – a bei der Rentrée am September 2022 a Kraaft getrueden ass – gëtt nach ëmmer mat Ongedold op den Avis vum Staatsrot zum Accord salarial a Reclassement vun de Musikschargéeën gewaard.

Och wann dës – méi wéi richteg an noutwendeg – Opwertung réckwierkend op den 1. Januar 2023 a Kraaft trëtt, gëtt et keng Ursaach, dass dat héicht Gremium säin Avis dozou weider retardéiert, soudass dat Gesetz endlech an d’Chamber goe kann.

Eis Chargéeën hunn et, no joerelaangem Waarden, endlech verdéngt, dass si no hirem Diplom aclasséiert an bezuelt ginn. 

D’FGFC betount, dass si nach wéi vor der Meenung ass, dass och am Enseignement musical all Neiastellungen noom Grondprinzip “Diplom = Lafbunn” virgeholl misste ginn.

Et schéngt, wéi wann den Edukatiounsminister zwar gäeren d’Wichtegkeet vun der kultureller Offert un d’Gesellschaft verkeeft - wann et awer ëm d’Valorisatioun an d’Rémunératioun vun dësen Enseignante geet - gëtt de politesche Ball gespillt, an op anscheinend politesch komplex Zoustännegkeete verwisen.

Traureg, dass d’Kultur zu Letzebuerg am Allgemengen nach ëmmer mat « Lowbudget » soll fonktionnéieren. Am Géigenzoch gëtt dann awer Topqualitéit, Flexibilitéit an onermiddlechen Asaz gefrot.