Aller au contenu principal Passer au pied de page

Projet de loi 8335: Sécherheet jo, Ausgrenzung nee - kommunalt Personal däerf net vergiess ginn!!

No laangem Hin an Hier ass de Projet de loi relative à la sécurité, la sûreté, l’ordre et la vidéosurveillance dans les transports publics (PL 8335) endlech op der leschter Ligne droite ukomm. Prinzipiell begréisse mir als FGFC dësen Text, well en e wichtege Schrëtt duerstellt fir méi Sécherheet a kloer Reegelen am ëffentlechen Transport ze schafen.

Allerdéngs hu mir beim leschten amendement parlementaire misse feststellen, datt dobäi e fatale Feeler ënnerlaf ass – ee Feeler, deen net ouni Konsequenze fir eis kommunal Busbetriber bleift.

 

De Problem mam neien Artikel 6

De Staatsrot hat a sengem éischten Avis gefrot, de Statut vun engem agent de service agréé kloer ze definéieren. De Gesetzestext gouf doropshin ugepasst, an et ass en neien Artikel 6 agefouert ginn:

Le ministre peut agréer des agents qui sont engagés par un contrat de travail à durée déterminée ou indéterminée conclu directement entre l’agent et le prestataire aux fins de prestation des services de transports publics sous un statut de droit public.

Dës Formulatioun schléisst awer all Fonctionnaire communal explizitt aus, well dee kee Kontrakt huet, mee vereedegt gëtt. Domat gëtt eise kommunale Busbetriber – besonnesch TICE & VDL-AVL – d’Méiglechkeet geholl, hir Leit esou wéi bis elo als Sécherheetsagenten anzesetzen oder nei Mataarbechter dofir auszebilden.

Dat ass fir d’FGFC net acceptabel. Grad am Kader vun der Kompetenzerweiderung vun eise Kontrolleren muss et och fir si méiglech sinn, Nominatioun fir den agent de service agréé ze kréien an an dëser Funktioun ze handelen.

 

En dréngenden Appell vun der FGFC

Mir als FGFC maachen dofir e dréngenden Appell, dëse Passage esou z’adaptéieren, datt en och fir eis kommunal Agenten an Agentinnen uwennbar ass. Eng Gesetzesbestëmmung, déi kommunaalt Personal systematesch ausschléisst, schaaft Ongläichheeten a schwächt de Service public.

 

Privatiséierung duerch d’Hannerdier?

Iwwer dëse konkrete Punkt eraus hu mir als FGFC ëmmer méi d’Gefill, datt den ëffentlechen Transport weiderhi Privatiséierungstendenzen ënnerläit. Rezent huet Madame Minister Backes annoncéiert, datt autonomt Fueren schrattweis agefouert soll ginn.

Nieft dëser politescher Ausso feelt eis awer eng realistesch an transparent Visioun fir d’Zukunft vum ëffentlechen Transport:

  • Wéi steet et ëm den autonome Bus, Tram an Zuch?
  • Wéi eng Roll spillt de Mënsch nach am System?
  • Wéi gedenkt d’Regierung eng laangfristeg Personalplanung ze garantéieren, déi och an Zukunft Sécherheet an eng Perspektive bitt?

 

Dialog bleift onbedéngt noutwenneg

Mir als FGFC ginn dovunner aus, datt mir op dës Froen Äntwerte kréien. Leider waarde mir schonn zënter méi wéi zwee 40 Deeg op eng Reaktioun op eis Demande fir eng Entrevue beim Mobilitéitministère – vläicht kréie mir dann endlech d’Geleeënheet, dës wichteg Suergen am direkten Austausch unzeschwätzen.

E staarken, ëffentlechen Transport brauch qualifizéiert Personal, kloer Reegelen an politesch Verantwortung. Dat sollt och am PL 8335 kloer zum Ausdrock kommen.

 

 

 

Info zum Sujet:

Le projet de loi 8335 au Luxembourg porte sur le renforcement de la sécurité, de la sûreté, de l’ordre et de la vidéosurveillance dans les transports publics.

Concrètement, il vise à :

  • établir des règles de comportement claires pour les usagers des transports publics ;

  • introduire ou adapter des sanctions administratives et pénales en cas d’infractions (violences, incivilités, dégradations, refus d’obtempérer, etc.) ;

  • créer un cadre légal précis pour la vidéosurveillance dans et autour des bus, trams et trains, tout en respectant la protection des données personnelles ;

  • définir le statut et les compétences des agents chargés de la sécurité dans les transports publics.

L’objectif principal du texte est de mieux protéger les passagers et le personnel, face à une augmentation des incidents, et de garantir un climat plus sûr dans les transports publics, sous la responsabilité de l’État et sous le contrôle de la Chambre des députés.