Aller au contenu principal Passer au pied de page

Ofwäertung vu Responsabilitéit an Unerkennung am neie Stater Kollektivvertrag

D’FGFC-Salariésdelegéiert froen sech, wisou d’Viraarbechter an deenen ënneschte Lafbunnen (A,B,C) elo méi schlecht agestuuft ginn, wéi dat Personal, iwwert dat si Responsabilitéit ze droen hunn ? Mir sinn dovunner ausgaangen, dass en neie Kollektivvertrag fir jiddereen eng Verbesserung bréngt a keng Verschlechterung! 

D’FGFC Salariésdelegéiert fuerderen dofir, dass sech déi zoustänneg “Commission paritaire” d’urgence ëm dës Fäll bekëmmert an dass d’Leit an deene betraffene Lafbunnen, dat kréie wat hinnen ze gutt steet. 

Hei e puer praktesch Beispiller: 

Service Circulation & Service Forêt 

De Viraarbechter vun dëse Servicer gehéiert neierdings an d’C-Lafbunn, géintiwwer enger F-Lafbunn am ale Kollektivvertrag. Wéi kann et sinn, dass de “Chauffeur” respektiv “Werkarbeiter” an der E-Lafbunn méi héich agestuuft gëtt wéi hire Viraarbechter? Sief bemierkt, dass mir jidderengem eng adequat Lafbunn gonnen – e Viraarbechterpostë kann aus FGFC-Siicht awer net méi schlecht agestuuft ginn, elleng schonns, dass e méi Responsabilitéit ze droen huet. 

Dee selwechte Fall gëtt et beim Botzpersonal, dat ënneranerem fir d’Centres culturels, ëffentlech Toiletten a Schoulen zoustänneg ass. Och hei gëtt et fir de Viraarbechterposten eng Verschlechterung zum ale Kollektivvertrag. 

Service AVL 

De “Wagenreiniger” mécht méi Aufgaben, wéi just Gefierer ze wäschen - dat war och kloer esou bei de Bewäertunge festgehale ginn. Am neie Kollektivvertrag kommen eis Leit an eng méi schlecht B-Lafbunn a ginn ënneranerem hirer Lafbunnperspektiv beraubt. 

Als FGFC begréisse mir all Verbesserungen an déi méi kloer Astellungsstrukturen am neie Stater Kollektivvertrag. Mir stellen eis awer generell d’Fro, wien dofir responsabel ass, dass vill Viraarbechter, elo am neie Kollektivvertrag manner favorabel Carrièresperspektiven hunn, wéi virdrun. An der Reegel sollen esou Konventioune Verbesserunge matsechbréngen a keng Verschlechterungen. 

Är FGFC-Delegéiert bleiwen um Ball ! 

Méi Info zum Sujet: Neie Kollektivvertrag fir d’Salariéë vun der Stad Lëtzebuerg