Neijoerschreceptioun SYVICOL : E wichtegt Signal fir de Gemengepersonal
D'FGFC seet Merci fir d'invitatioun op déi éischt Neijoersreceptioun vum SYVICOL. Och wa mir net an allen Detailer ëmmer déi selwecht Meenung mat eisem Patron deelen, leie mir an eiser Visioun fir e staarken a modernen Gemengesecteur net wait auserneen.
D’Personal spillt eng zentral Roll am Fonctionnement vun de Gemengen. Wéi Riedner ënnerstrach hunn, ginn d’Missioune vun de Gemengen ëmmer méi villfälteg an usprochsvoll. Dëst erfuerdert eng entspriechend Upassung vun de Strukturen an och vum Personal.
D’FGFC begréisst ausdrécklech, datt souwuel de President vum SYVICOL wéi och den Inneminister de wichtege Rôle vum Gemengepersonal ervirgehuewen hunn. Et ass e wichtegt Signal, datt Personal-Bashing vu politescher Säit an Zukunft net méi akzeptéiert soll ginn. Mir deelen och d’Meenung, datt vereenzelt Mëssstänn kloer benannt musse ginn, ouni dobäi d’ganz Personal oder Patrinat ze stigmatiséieren.
An deem Kontext erënnert d’FGFC drun, datt si mat hirer Charte de coopération et de qualité du service public aktiv dozou bäidroe wëll, e professionellt, respektvollt a fairt Mateneen am Gemengesecteur ze fërderen.
Mir begréissen d’Intentioun vum Minister, de Gemengesecteur ze moderniséieren, an dobäi op de Koalitiounsaccord vun der Regierung zeréckzegräifen. D’FGFC wier et besonnesch wichteg, datt op laang Siicht eng eenheetlech Fonction publique geschafe gëtt, an datt d’Assimilatioun vum Gemengesecteur un de Staat als Fundament vun dëser Reform déngt. Ouni dës kloer politesch Entscheedung riskéiert all neit Konzept seng Wierkung ze verléieren.
An engem moderniséierte System sollten d’Kompetenzen, d’Erfarung an zemools d’Aus- a Weiderbildung méi staark am Mëttelpunkt stoen ewéi reng Diplomer. D’Fro, ob d’Fonktioun vum Receveur als vereelzt ze betruechten ass oder ob et sech éischter ëm eng déif verwuerzelt Funktioun handelt, déi eng grëndlech Reform brauch, soll sachlech a konstruktiv diskutéiert ginn.
De Gemengesecteur steet aktuell viru grousse strukturelle Problemer: ronn 11 Gesetzesprojeten sinn am Retard, d’Harmoniséierung kënnt eréischt no bal véier Joer Verspéidung, an et ginn ëmmer Servicer a Poste privatiséiert – wann iwwerhaapt dat néidegt kompetent Personal fonnt gëtt.
Et ass héich Zäit, kloer Prioritéiten ze setzen an zesumme mat allen Acteuren eng transparent a nohalteg Marschroute festzeleeën.
D’FGFC ass an bleift dat eenzegt representatiivt Bindeglidd vum Gemengepersonal vis-à-vis vum Patronat a Regierung. Si wäert hir Verantwortung weiderhin mat Konsequenz, Onofhängegkeet a Kloerheet iwwerhuelen an d’Stëmm vum Personal vertrieden – ouni sech politeschem Drock oder Ofschwächungsversich ze béien.