Aller au contenu principal Passer au pied de page

Neie Kollektivvertrag fir d’Salariéë vun der Stad Lëtzebuerg

Fir d’Mataarbechter.inne ass eng offiziell Informatiounsversammlung, Dënschden de 14. Maerz 2023 um 15:00 Auer am "Grand Théâtre" vun der Stad. No Méiglechkeet ginn déi concenéiert Salariéeën vun hirem Déngscht fräigestallt. Salariéën déi zum Zäitpunkt vun der Informatiounsversammlung net schaffen, kënnen eng Stonn CET guttgeschriwwe kréien.

Den Dënschdeg 21. Februar hunn d’ Gewerkschaften, souwéi de Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg een neie Kollektivvertrag fir d’Salariéë vun der Stad Lëtzebuerg ënnerschriwwen.

De Kollektivvertrag, deen de 27. Februar 2023 vum Gemengerot eestëmmeg gestëmmt ginn ass an deen d’Astellungs-, Aarbechts- a Lounbedingunge vun de ronn 2.500 Salariéë vun der Stad reegelt, enthält ënnert anerem déi folgend Mesuren:

  • Definitioun vun zwee spezifesche Karriärs- a Lounsystemer fir Salariéeën :
    • dee fir d’Salariés-Employés (also salariés à tâche intellectuelle)  – deenen hir Karriären sech analog zu deene vun de Gemengebeamten entwéckelen – an dee fir d’fir Salariés-Ouvriers (also salariés à tâche manuelle) mat manuellen an handwierklechen Aufgaben;
  • Aféierung vun neie Karriären a Lountabelle fir Salariéë mat manuellen Tâchë mat oder ouni Qualifikatioun;
  • Harmoniséierung vun de Reegele fir Congé a Congé extraordinaire ;
  • De Reglementer betreffend den Aarbechtszäitkonto (Compte épagne temps – CET) gouf iwwerholl an d’Texter iwwer Mobbing a sexuell Belästegung goufen adaptéiert.
  • Donieft gouf och d’Recht op Ofschalten – den “droit à la déconnexion” an de Kollektivvertrag ageschriwwen.

Zu de Karriären an de Lountabelle fir Salariéë mat manuellen Tâchen (fréier Aarbechter/innen) ass ze soen, dass se ganz nei opgestallt goufen an elo a 6 verschidde Loungruppen agedeelt ginn.

Des Opstellung entsprécht dem gemeinsame Wonsch vun de Parteien – also dem Schäfferot an de Personal- a Gewerkschaftsvertrieder - fir transparent a fair Karriären ze definéieren, déi sech op dräi objektiv Critère baséieren: heibäi goufe jeeweils de Grad vun der Komplexitéit vun der Aarbecht, déi physeschen a psycheschen Ufuerderungen a Belaaschtungen, souwéi déi néideg Qualifikatioun bewäert an duerno goufen all Funktiounen a 6 verschidde Loungruppen aklasséiert.

All Loungruppen evoluéiere linear a 15 Biennalen. D’Parteien hunn drop Uecht ginn eng Iwwergangsreegelung fir déi aktuell Salariéë fest ze halen, déi d’Erhale vun de sozialen Acquisen erméiglecht.

Der  Käschtenentwécklung an anere Lounaccorde gouf Rechnung gedroen duerch eng Erhéijung ëm 5,5 Punkte vun der “Sonderzulage” fir Salariéë mat manuellen Tâchen. Donieft gëtt eng Meeschterprimm agefouert an d’Karriär vum Viraarbechter gëtt reforméiert : an Zukunft kënnen et an all Loungrupp Viraarbechter an och Chefs Secteur /Surveillants d’équipe ginn, déi da jeeweils eng Féierungsprime kréien. Och an dësem Beräich garantéiert den Iwwerganksregimm, dass keng Pertë par Rapport zur aktueller Karriär entstinn.

De Kollektivvertrag trëtt mam Vott vum Conseil réckwierkend op den 1. Januar 2023 a Kraaft a gëllt fir 3 Joer.

Déi eenzel Mesure ginn ab Mäerz ëmgesat a kuerzfristeg sinn och Informatiounsversammlunge fir d’Chefs de Service an d’Correspondants en affaires du personnel.

Hei de Link op den neie Kollektivvertrag fir d’Salariéë vun der Stad Lëtzebuerg