Léiwe Kleeschen, gudde Kleesche...
…bréng ons Saachen, allerhand. Esou fänkt dat bekannte Kleesercherslidd u, wat dir sécherlech all kennt.
Wat dir nach net wësst, ass wat dee gudde Mann der FGFC dëst Joer matbruecht huet: e voluminéise Pak mat Dokumenter, déi eng grouss Gemeng aus dem Süden betreffen. Dësen Dossier ëmfaasst e puer honnert Säiten, déi eng Rëtsch Illegalitéiten an Verstéiss géint fundamental humanistesch Grondreegele beliichten.
D’Gemeng am Duerf steet och säit Méinten op der FGFC hirer Lëscht, a mir versécheren net nëmmen dem Kleeschen, dass gläich méi wéi eng deck Rutt ausgedeelt wäert ginn…
Bis dohinner wënsche mir iech all schéine Kleeserchersdag
Affaire à suivre…