Aller au contenu principal Passer au pied de page

Informatiounsversammlung Agents municipaux

Den Groupement d'intérêt vun den Agents municipaux hat fir den Dënschden 4. Mäerz 2025 um 19.00 Auer op Miesdrëf an de Centre culturel invitéiert.

 

BILAN 2024-2025

Regelméissegen Asaz an Austosch an der :

  • Commission Centrale
  • Commission consultative SYVICOL – Administrative
  • Commission consultative SYVICOL – Technique

Promotioun vum Beruff & Helef bei der Emsetzung vun der Reforme:

  • Gemengen: Walfer; Wolz; Schieren; Biwer; Manternach; Rosport-Mompach; Koplescht; Sandweiler...
  • Syndicat PRO-SUD
  • Naturpark Öewersauer
  • Journée de la Reconversion bei der Arméi

Entrevue FGFC-ASAM mat:

  • SNPGL
  • Douanesgewerkschaf
  • IGP
  • Ministère de la Mobilité et des Travaux publics
  • Chamberfraktiounen & politesch Sensibilitéiten: DP, LSAP, CSV, déi Gréng, Piraten

 

DEVELOPPEMENT 2024-2025

Projet de loi

  • PL 8333: Am Kader vun enger EU Direktiv gëtt d'Antitubaksgesetz ugepasst. Duerch d'Upasse vun eiser Konstitutioun 2023 dierfen eis Gemengen d'Fëmmverbuet op de Spillplazen net méi an
    hiert Policereglement schreiwe well et schonn am nationale Gesetz steet. Fir dat ze kompenséiere kritt
    den Agent Municipal des Kompetenz am Antitubaksgesetz bäi. Den Text war schonn beim Staatsrot an
    ass am Moment an der zoustänneger Kommissioun.
  • PL 8429: Dei legal Basis fir d'Gemengereglementer gëtt iwwerschafft. De Projet de loi ass am Juli 2024 bei den Staatsrot gangen. An dem Kontext kréie verschidde SACen eng nei Formuléierung an et sollen
    der 3 bäikommen déi bis dato net méiglech waren

Koalitiounsaccord 2023-2028

  • Auszuch aus dem Koalitiounsaccord zum Thema "Police locale"
    La proximité de la police avec les citoyens sera renforcée dans le but d’assurer un travail de
    prévention sur le terrain. Dans ce sens, une unité de police locale sera constituée au sein
    du corps actuel de la PGD, sur laquelle le bourgmestre aura un pouvoir de direction dans le
    cadre de ses missions d’ordre public (tranquillité publique, sécurité publique et salubrité
    publique).
    La collaboration entre la police et les agents municipaux sera renforcée. Les
    compétences des agents municipaux seront élargies dans le but d’encourager la
    prévention

 

ZUKUNFT VUM AGENT MUNICIPAL

Stand 2025:

  • Agent Municipal D1 / C2bis sous-groupe à attributions particulières

Missiounen:

  • Kontroll vum rouenden Verkéier
  • SAC
  • Preventioun
  • Verkéier reegelen bei Chantieren an Accidenter

Missiounen ab Promotioun:

  • FPJ: Fëscherei (ganz), Offallgesetz (1 Artikel), Hondsgesetz (2 Artikelen),
    Policereglement

 

MEIGLECH NEI MISSIOUNEN

Missiounen déi den Agent Municipal(*) iwwerhuele kéint:

Iddien déi starken Zousproch krut hu:

  • Adressiwwerpréiwung
  • Zousätzlech Spezialgesetzer: Naturschutz, Antitubak…

Iddien déi Zousproch krut hu:

  • Verkéier reegelen
  • Ennerstëtzung bei der mise en place vun engem Sécherheetsperimeter

Iddien déi wéineg Zousproch krut hu:

  • Geschwindegkeetsiwwertriedung innerorts an op Gemengestroossen
  • Ennerstëtzung beim Oprechterhale vun engem Plaazverweis


(*) Ennert der Konditioun datt déi néideg Formatiounen erfollegräich ofgeschloss sinn

 

VISIOUN 2023-2033

Den Agent Municipal soll an 3 Groupe de traitement existéieren:

  • Agent Municipal D2/C2 < 5 Joer Postprimaire (8ième oder équivalent...)
  • Agent Municipal C1 = 5 Joer Postprimaire (11ième oder équivalent...)
  • Agent Municipal B1 = Bac / 1ière oder équivalent...)

Reklassement vun den D1/C2bis Agenten an den C1 ënnert der Konditioun:

  • Promotioun + Formatioun mat preuve de connaissance.
  • Den D1/C2bis gëtt bäibehalen fir déi Agenten déi am D1/C2bis sinn. Et kënne keng néi
    D1/C2bis Agenten agestallt ginn.

Ausgoend vun der aktueller Formatioun fir d’Agenten am D1/C2bis:

  • D2/C2: gläichbleiwend mat liichten Adaptatiounen
  • C1: ausgebaut an ëm 40 Stonnen erweidert
  • B1: ausgebaut an ëm 80 Stonnen erweidert

Spezifesch Formatioun fir d’Gestioun vun engem Service de proximité

 

RECRUTEMENT & KOOPERATIOUN

  • Beim D2/C2 gellt den Droit de priorité vun der Arméi
  • Kooperatioun mat aneren Administratiounen:
    • Police, CGDIS, Douane, ITM asw... kënne bei Interventiounen um Territoire vun der
    Gemeng de Support vun den Agents Municipaux beim Buergermeeschter ufroen.
    • Fir Ënnerstëtzung ausserhalb vum Territoire muss de Banneminister säin Accord gi.

 

  • Ufank 2025 hunn 55 Gemengen Agents Municipaux. 2020 waren et der eréicht 35! Fir 2026 rechnen mir mat 60-65 Gemengen.
  • Duerch Kooperatioun sollt et méiglech sinn quasi alle Gemengen am Land Zougang zum Agent Municipal ze ginn.
  • Dëst wär de Bäitrag vun de Gemengen am Kontext vun enger breeder nationaler
    Strategie am Kader vun der Gemengepolice déi op des Aart a Weis een zouverlässege
    Partner um lokale Plang huet

 

Presentatioun a PDF-Form

 

Et ass nach festgehale ginn, dass een innerhalb vum Groupement eng vereinfacht a besser Kommunikatioun sollt opbauen. D'FGFC wäert an deem Kontext mat hirer Informatik kucknen, wéi een innerhalb vum Mircosoft 365 - Teams kéint e "Groupe AM" opbauen, wou een Informatiounen awer och Dokumenter souwéi an Zukunft en digitalen Sanktiounskatalog zur Verfügung stelle kéint. Des Weideren ass nach d'Iddi opkomm eng speziell Newsletter "AM" unzebidden - dass een sech aschreiwe kann an dann och keng News verpasst.