Aller au contenu principal Passer au pied de page

Info-Konferenz: Secherheet am Stroosseverkéier

Den FGFC-Groupe vun de pensionéiertem Gemengepersonal organiséieren eng Konferenz "Secherheet am Stroosseverkéier", déi de Mëttwoch den 20. November um 14:30 Auer zu Stroossen, am Centre Barblé – Galerie A Spiiren stattfënnt.

Zënter dass de prakteschen Examen am Führerschäi gepackt gouf a mat laange Joren Fuerpraxis ginn et am Code de la Route vill nei Reegelen déi d’Mateneen an d’Laanschtenee betreffen.

Als Foussgänger, Vëlosfuerer, Motorrad, Auto, Trottinetten asw. - wann de Schëllerbléck no lénks sech un enger net méi grad esou mobiller Wierbelsail stéiert, an déi modern Automobiller eng Rutsch frësch entwéckelt Hëllefsapparater wéi z.b. e Spuerassistent oder eng Kamera hannen u Bord hunn an de E-Auto net ze vergiessen, ass et sécher Zäit fir sech „up-daten“ ze loossen an eise Fachleit vun der ‚Sécurité routière’ an dem ACL Froen ze stellen. 

!! Obligatoresch Umeldung iwwer armuller@pt.lu  - Plazen si limitéiert - deen Éischten ass vir !!

 

Z'erreechen ass de Centre Barblé mat dëse Buslinnen AVL Linn 8 - hält an der Rue des Romains virum Barblé an d’AVL Linn 16 an RGTR-Linnen 811 an 812 bleiwen ob der Arelerstrooss zu Stroossen stoen. Wann ee mam Auto kënnt ass et e Parking Payant bei der Gemeng Stroossen.