Harmonisatioun vun de Lafbunnen
Bedéngt, dass eisen Artikel iwwer de positiven Avis vum Staatsrot zu 3 Punkten vum Accord salarial fir de Gemengesecteur vill Ufroen zu der « Harmonisatioun » opgeworf huet, brénge mir dës News eraus.
Zur Erënnerung, Harmonisatioun vun de Lafbunnen C an D huet hiren Usprong aus dem Accord salarial 2017. Enn 2024 ass dee Punkt weder beim Staat nach op de Gemengen ëmgesat.
No e puer Oppositions formelles vum Staatsrot, huet de Staat rezent en zweeten Text eraginn mat Modificatiounen - hei gëtt elo op dem Staatsrot säin neien Avis gewaard. Aktuell schafft den Ministère des Affaires Intérieures un der Adaptatioun vun de Gemengentexter zur dëser Harmonisatioun.
D’FGFC monéiert nach ee Mol mat Nodrock, dass esou Prozeduren näischt mat Kommunikatioun teschent de Ministèren ze dinn huet a wäit ewech mat der Egalitéit vun engem ëffentlechem Déngscht ze dinn huet.
Des Weideren ass et en Hohn, dass no quasi 5 Joer nach ëmmer e Punkt vun engem Accord salarial net ëmgesat. Doriwwer ass Lëscht laang wat nach alles aus de vergaangenen Accord’en feelt; hei e puer Bespiller:
- Reegelung fir den Télétravail,
- Ofschafung vun der Epreuve d’aptitude générale (Logiktest),
- Verlängerung vum Mécanisme temporaire fir de Changement de groupe
- Evaluatioun vum Fonctionnement betreffend Commission discipline
- Ofsécherung am Krankheetsfall
- …
Eng FGFC wäert konstruktiv Virschléi abrénge wéi een an Zukunft eng parallel Ëmsetzung vu Modifikatiounen a Accord salarial tëschent Staat a Gemenge vereinfache kéint.
Zu dem Thema Harmonisatioun sief gesot, dass d'FGFC fir eng Adaptatioun vun de Lafbunnen "A" ass. Hei feelt ganz kloer eng Lafbunn A3 fir eis Leit mat engem BTS-Diplom (Brevet de technicien supérieur - Bac plus 2 Joer). Et kann net sinn, dass de Staat ënner der Educatioun en Diplom aféiert an dësem selwer keng Lafbunn an sengem eegenen ëffentlechem a kommunalem Déngscht gëtt.
Politik sollt sech bewosst sinn, dass Ëmsetzunge vun Ofmaachungen och eng konsequent Realiséierung brauche fir Credibilitéit a Vertrauen an de Sozialdialog ze behalen.